Eventuell 1,50 Euro de Liter Tankrabatt a Frankräich: Reaktioune vun der Oppositioun
A Frankräich ass eng vergréissert staatlech Remise carburant vun 30 Cent fir d'Méint September an Oktober geplangt, an och eng Ristourne vun TotalEnergies vun 20 Cent pro Liter fir dee selwechten Zäitraum. Anescht wéi a Frankräich plangt TotalEnergies hei am Land keng Ristourne op de Spritpräisser, huet et op eis Nofro hi geheescht. Wéi steet d'Oppositioun zu dësem Theema?

Wann d'Spritpräisser a Frankräich op esou een déiwen Niveau falen, da bedeit dat, datt hei am Land manner getankt gëtt. Dëst wier deemno och ee finanzielle Verloscht, esou soe Vertrieder vun der Oppositioun.
CSV: Méi e grousst Lach an der Keess
Den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth erkläert, datt dës Situatioun fir d'Staatskeess manner Accisen an och méi ee grousst Lach bedeite géif.
Deemno misst och de Lëtzebuerger Tankrabatt weider verlängert ginn. De Gilles Roth mengt net, datt den 31. August duergeet an datt een doriwwer eraus den Tankrabatt weiderhi misst applizéieren:
"Wat fir 60 Millioune Fransouse geet, mengen ech, dat muss och fir 650.000 Lëtzebuerger gëllen."
ADR: Tanktourismus wichteg fir Lëtzebuerg
Och den ADR-Deputéierten a Parteipresident Fred Keup fuerdert, datt d'Steieren um Bensin an um Diesel op den Tankstellen hei am Land sollen erof gesat ginn.
Hie widderhëlt d'Positioun vu senger Partei déi drop hält, datt d'Präisser op de lëtzebuerger Tankstellen ëmmer ënner de Präisser vun den Tankstellen an den Nopeschlänner leie misst:
"Dat engersäits fir de Leit hei am Land entgéint ze kommen an anerersäits fir attraktiv ze bleiwe fir den Tanktourismus a fir esou déi wichteg Milliounen eran ze kréien, déi mir brauchen an eisem Staatsbudget."
Piratepartei: Aner Mesure wiere méi sënnvoll
D'Spritpräisser a Frankräich hätten natierlech een Impakt op den Tanktourismus, esou den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement. Vu temporären Tankrabatter ass hien awer weiderhin net begeeschtert: et wier keng sënnvoll Mesure.
Et hätt ee besser, esou de Sven Clement, fir u Mesuren ze denken, déi d'Inflatioun erof drécken an d'Kafkraft erhéijen, ewéi zum Beispill Crédit d'impôten oder iwwer Transfertleeschtungen, déi cibléiert kéinten ausbezuelt ginn.
Hie mengt, dat wier méi sënnvoll wéi "mat der Géisskan eemol iwwer d'Land ze goen an ze hoffen, datt een domat d'Klima net ze vill beschiedegt."
Déi Gréng enthale sech nach
Déi Gréng wëllen zu dësem Zäitpunkt net op d'Entwécklung vun de Spritpräisser a Frankräich reagéieren.
No der Regierungs-Decisioun e Freideg, de Lëtzebuerger Tankrabatt bis Enn August lafen ze loossen, hate si vun enger "leschter Verlängerung" geschwat.