Geheimdéngschtarchiven Rapport ofgeschloss

Déi vum Staat beoptraagten Historiker hunn hir Recherche op den historesche Geheimdéngscht-Archiven ofgeschloss. Dat huet de Staatsministère eis op Nofro hi confirméiert. De ronn 100 Säite laange Rapport soll am Februar publizéiert ginn.

Pia Oppel / cz

Illustratioun Archiven
Foto: Richard Peterson Archiv

De Jean Reitz an d'Nadine Geisler hunn hire Rapport deemno ofginn, zwee an en halleft Joer nodeems si den Optrag kruten an iwwer siwe Joer nodeems d'Existenz vun dësen Archiven bekannt gouf.

Am November 2012 ass d'Gespréich, dat de fréiere Geheimdéngschtchef 2008 mat senger Auer opgeholl hat, public ginn. Do seet de Marco Mille:

"Mir hunn 300.000 Karteikaarten am Keller leien. Dunn hunn ech gesot: Ok, elo huelt der d'Lëscht vun all deene Leit, déi gewielte Mandatsträger sinn a kuckt, ob déi dra sinn. A wa si dra sinn, geheit dir si eraus. Alles zerstéiert, well, wéi gesot, d'Gréng Partei, och d'Kommunistesch Partei ass fir mech en net onnëtzlechen Deel vun der politescher Meinungsvielfalt."

Politesche Spionage wier fréier massiv gemaach ginn, sot an deem nämmlechte Gespréich de Premier Jean-Claude Juncker.

En zweet Archiv um Schlass zu Senneng

D'Publikatioun vum "Aueregespréich" huet bekanntlech zu enger Enquêtëkommissioun an der Chamber an Neiwalen am Hierscht 2013 geféiert. Am Laf vun der SREL-Affär hat de radio 100,7 opgedeckt, datt et en zweeten Archiv um Schlass zu Senneng gouf.

Am Ofschlossrapport vun der Enquêtëkommissioun goung rieds vu ronn 13.000 Fichen iwwer Persounen, Societéiten an Associatiounen, déi op Pabeier a Microfichen am ale SREL-Archiv fonnt goufen. Datt dës Archive missten erhalen an opgeschafft ginn, war eng vun de Recommandatioune vun der Enquêtëkommissioun:

"La commission d'enquête n'a pu prendre que très partiellement note du contenu des archives du SREL. Elle considère que ces documents ne devraient en aucun cas être détruits. Elle estime qu'il y a lieu de les confier à un groupe d'experts dans le but de les répertorier, classer, analyser et d'organiser leur mise à disposition des personnes fichées. Ces données accumulées au fil des années sont aujourd'hui d'un intérêt historique indéniable. Véritables témoignages d'une manière d'agir et de penser d'une époque que l'on espérait définitivement révolue, il importe maintenant d'en comprendre la portée et de l'assimiler dans la mémoire collective comme partie intégrante de notre histoire."

Ginn d'Archiven nach weiderverschafft?

Wéi d'Archive sollten opgeschafft ginn, gouf 2016 an engem Gesetz definéiert. Hei ass och virgesinn, datt all persounebezunnen Donnéeën an der publizéierter Versioun vum Ofschlossrapport musse geschwäerzt ginn.

D'Historiker Jean Reitz an d'Nadine Geissler hunn am Juni 2017 mat hirer Recherche ugefaangen. Begleet goufe si vun engem Evaluatiounscomité mat Vertrieder vum Staat, der Chamber, an der Uni.

Si sollte weisen, wéi de Geheimdéngscht tëschent 1960 an 2001 operéiert huet. Hir Aufgab war och, fir en Tri vun den Dokumenter ze maachen. Wat als wichteg fir d'Geschicht vum Land betruecht gëtt, soll definitiv un d'Nationalarchiven iwwerdroe ginn. Dokumenter, déi net kënnen deklasséiert ginn, solle par konter nees zeréck un de SREL goen oder zerstéiert ginn.

Ob d'Archiven iwwer dës éischt Recherche eraus nach weider sollen opgeschafft ginn, doriwwer kéint een den Ament näischt soen, heescht et aus dem Staatsministère. Déi Fro wéilt de Staatsminister awer och mat der Chamber nach diskutéieren.

Méi zum Thema

Benoit Majerus
Geheimdéngscht

Zwee Historiker solle bannent zwee Joer d'SREL-Archive vun 1960 bis 2001 opschaffen. De Benoît Majerus, deen am zoustännegen Evaluatiounscomité sëtzt, hofft datt den Delai verlängert gëtt.

Archiven Exklusiv
Geheimdéngscht

D'Historiker Jean Reitz an Nadine Geisler goufe beoptraagt, fir d'SREL-Archiven aus de Joren 1960 bis 2001 opzeschaffen. Déi Informatioun huet de Staatsministère dem radio 100,7 confirméiert.

Jean-Claude Franck Meenung
Kommentar

Déi aktuell Affär ëm eng illegal SREL-Ecoute weist, datt sech d'Attitude vun der Politik a Punkto Geheimdéngscht iwwerhaapt net geännert huet. E Kommentar vum Jean-Claude Franck.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen