Waasser Qualitéit vum Grondwaasser: Keng wierklech Verbesserung

D'Qualitéit vum Lëtzebuerger Grondwaasser ass net wierklech besser ginn, heescht et aus dem Ëmweltministère an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro. Trotz all de Mesuren, déi an de leschte Jore geholl gi sinn. An dat bleift net ouni Auswierkungen op d'Drénkwaasserversuergung.

Maurice Molitor / cbi

Waasser
Foto: Austin Kehmeier / Unsplash

Lauschteren


Zanter 2013 ginn hei am Land Waasserschutzzonen ausgewisen, et ginn där haut 44 - an zwar do, wou Grondwaasser als Drénkwaasser ofgezaapt gëtt.

Oder besser gesot: ofgezaapt soll ginn. Dat ass nämlech op ville Plazen net méiglech, well sech do ëmmer nach Spueren z.B. vu Planzeschutzmëttelen am Grondwaasser fannen.

Dat ass zwar an deem Sënn net anormal, well et op d'mannst zéng Joer oder souguer méi laang dauert, bis déi Substanzen net méi ze detektéiere sinn. An dofir sinn d'Schutzmoossnamen nach net laang genuch a Kraaft.

Vill Waasser kann net fir ze drénke genotzt ginn

Et féiert awer dozou, datt dat Grondwaasser net als Drénkwaasser ka benotzt ginn. A mer schwätzen do vun enger Quantitéit, déi géif duergoen, fir 62.000 Leit - also awer ronn 10 Prozent vun der Populatioun - mat propperem Waasser aus dem Krunn ze versuergen.

Dat betrëfft am Moment eng 100 där ënnerierdescher Quellen. An da ginn et der och eng gutt Dosen, wou d'Grondwaasserqualitéit net schlecht genuch ass, fir et guer net unzezapen, awer och net gutt genuch, fir et tel quel als Drénkwaasser ze benotzen.

Dat Waasser gëtt da mat besserem verdënnt - wann et technesch méiglech ass, dat ze maachen. Mee dat ass net iwwerall méiglech, an dofir kënnen - a bestëmmte Fäll - Derogatioune vum Minister ausgeschwat gi fir och Waasser an de Reseau ze speisen, deem seng Qualitéit net all Grenzwäert respektéiert.

Dat awer nëmmen, wa dat keng Gefor fir d'Gesondheet vum Mënsch duerstellt, a wann d'Waasserversuergung anescht net kéint oprecht erhale ginn. Am Moment ginn eppes iwwer 5.000 Fudder den Dag vun esou Derogatiounen gedeckt. Dat entsprécht dem deegleche Besoin vun 26.000 Leit.

Méi zum Thema

Grondwaasser
Weltwaasserdag

Een Drëttel vum Grondwaasser kann net als Drénkwaasser benotzt ginn, well et ze knaschteg ass. 13.000 Kubikmeter kéinte pro Dag net méi geliwwert ginn, seet d'Magali Bernard vun der Waasserverwaltung.

Jean-Paul Lickes
Drénkwaasserversuergung

Well d'Populatioun an d'Temperature weider klammen, géif nieft dem Stauséi eng weider gréisser Drénkwaasserquell gebraucht ginn, esou de Jean-Paul Lickes. Op der Musel géif dofir am Moment no konkrete Léisunge gesicht ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen