Europa Pulse of Europe: “Fräibéier a Kuch fir d’EU”

“Pulse of Europe” rifft zu Manifestatiounen op fir d’EU an e positiivt Liicht ze réckelen. Politesch Revendicatiounen fir eppes un der EU ze änneren stellt d'Bewegung net. Firwat? Dat hu mir den Organisateur Jonathan Ponchon gefrot.

Rick Mertens

Jonathan Pochon
Jonathan Ponchon

Zënter e puer Wochen organiséiert “Pulse of Europe” all Sonnden e Rassemblement op der Clairefontaines-Plaz an der Stad. Déi meeschte Leit wäre bis elo fir de siechzegsten Anniversaire vun de Réimesche Verträg komm, esou den Organisateur Jonathan Ponchon: “Do hate mer 200 Leit. Mir hate Kuch a Fräibéier, dat huet vill Leit ugezunn.” Et géing op dëse Maniffen drëms goen “Europa ze feieren” a “Spaass ze hunn”.

De Jonathan Ponchon seet awer och hie kéint gutt novollzéien datt d’EU am Moment dacks kritiséiert gëtt: “Ech ka Leit verstoen, déi fir d’Marine Le Pen oder de Nigel Farage wielen.” Et wär “offensichtlech”, datt een net onbedéngt e Fan vun Europa ass, wann een als franséischen oder däitschen Aarbechter seng Plaz verléiert, well d’Produktioun a Polen oder Bulgarien verluecht gëtt. Eng Äntwert op esou Problemer kéint hien awer “leider och net ginn”, esou de Jonathan Ponchon.

Keng politesch Revendicatiounen

“Pulse of Europe” wéilt d’europäesch Iddi “erëm mat positiver Energie fëllen.” Et wär net d’Ziel vun der Bewegung fir mat politesche Revendicatiounen eppes un der EU ze änneren: “Vue datt mir keng Politiker sinn, an och net wëlles hu Politiker ze ginn, wëlle mir datt d’Politiker selwer Léisunge fannen,” esou de Jonathan Ponchon. Seng Bewegung wéilt eng europawäit Debatt kreéieren, déi dozou bäidréit datt “mëttelfristeg” politesch Léisunge fonnt ginn.

Den Organisateur vun de Maniffen betount dofir och d’Bewegung wär “komplett onofhängeg” vun den europäeschen Institutiounen oder politesche Parteien. Kuch, Fräibéier a Gadgeten fir d’Rassemblementer hätt hien mat sengen eegenen Erspuernisser a mat Donatioune vun de Manifestanten finanzéiert.

Déi äermst Leit si “schwéier ze areechen”

Als Student fir “European Governance” schreift de Jonathan Ponchon selwer eng Master-Aarbecht iwwert d’Leit déi u “Pulse” deelhuelen. Hie seet et wär am Moment “nach relativ schwéier soen” wéi eng Leit op d’Manifestatiounen kommen, déi hien organiséiert, hien hätt awer de “Verdacht”, datt “déi äermst Leit schwéier ze areechen sinn”. Des Leit géife vläicht manner vun Europa profitéieren, zum Beispill well se net kenne reesen.

“Pulse of Europe” ass am November zu Frankfurt vum Affekot Daniel Röder a senger Fra Sabine gegrënnt ginn. Mëttlerweil geet d’Bewegung an 13 europäesche Länner fir d’EU op d’Strooss. A Süd- an an Osteuropa huet d’Initiative awer bis elo kee grousse Succès, sou ware nach keng Manifestatiounen an Italien an a Griicheland. D’Griichen hätten am meeschten ënnert der Finanzkrise gelidden, esou de Jonathan Ponchon, dofir kéint hie verstoen “datt si elo am Moment net mega europabegeeschtert sinn.”

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Maneover vun der däitscher Arméi
Europäesch Défense

Déi nei militäresch EU-Kommandozentral soll nach dëse Mount ufänke mat schaffen. Ass dat e Schratt an d'Richtung vun enger eegestänneger EU-Sécherheetspolitik a méi Onofhängegkeet vun den USA?

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen