Geriicht Prozess géint fréiere Polizist huet ugefaangen
Optakt haut vun engem Prozess, bei deem e fréiere Polizist wéinst Doudschlag ugeklot ass. De Beamten hat am Abrëll 2018 dräi Schëss op de Chauffer vun engem Won ofginn an deen déidlech blesséiert.

Den 11. Abrëll 2018 koum et zu Bouneweg zu enger kuerzer Course-poursuite tëscht enger Policepatrull an dem Chauffer vun engem Mercedes, deen duerch seng Fuerweis opgefall ass.
An der Rue des Ardennes gëtt ee Beamten dem Chauffer Stoppzeechen, dee reagéiert awer net a fiert op de Beamten duer. Dëse gëtt dräi Schëss aus enger Déngschtwaff of.
De Chauffer gëtt zweemol getraff, hien téitscht en anere Won, sträift eng Mauer, a kënnt widder engem Bam un d'Halen. Den 51 Joer ale Mann stierft u senge Schosswonnen.
Ugeklote schwätzt vun Noutwier
De Beamten huet de Moie beim Optakt vum Prozess direkt erkläert, datt hien an Noutwier reagéiert hätt. Zwee Experten hunn de Moien ausgesot, ee Ballistiker huet déi dréi Aschëss am Auto aus der Déngschtwaff confirméiert.
Fir de geneeën Oflaf vum Tëschefall ze rekonstruéieren huet en Expert an Accidentiologie dem Geriicht am Detail erkläert, wéi de Won an de Polizist zouenee stoungen, respektiv sech zouenee beweegt hunn.
War de Schoss noutwenneg?
Detail ass hei ganz wichteg: déi essentiell Fro, déi gekläert muss ginn ass, ob de Polizist effektiv a Noutwier gehandelt huet, also ob den Asaz vun der Schosswaff iwwerhaapt noutwendeg war.
Den Expert selwer koum dobäi zur Conclusioun, datt net mat leschter Prezisioun gekläert kéint ginn, wou de Polizist stoung, wéi hien d'Schëss ofginn huet.
Hien huet dofir e puer Zenarien nogezeechent: an engem dovunner hätt de Beamten effektiv an direkter Noutwier gehandelt.
Véier Experten a 17 Zeie gi gehéiert
Den Affekot vum Beschëllegten, de Me Philippe Penning, gesäit d'Conclusioune vum Expert positiv:
"Deen ass extrem favorabel fir mäi Mandant, well e weist, wéi kuerz déi Zäitofstänn waren. Dir wësst, den Auto ass eng Kéier bis bei de Policeauto virgefuer, fiert dann eng 15 Meter no hannen, a fiert da riicht op de Polizist duer. Éischtens emol ass erwisen, datt e riicht op de Polizist duergefuer ass, och wann net ganz kloer ass, wou dee stoung, an datt en am aller-allerleschte Moment eréischt ugefaangen huet ze dréien."
Nieft am ganze véier Experte ginn och 17 Zeie gehéiert, dorënner Polizisten a Leit, déi de Virfall observéiert haten. De Prozess ass dofir op 10 Deeg ugesat.