Geriicht Prozess ëm Crèche zu Bous: Urteeler ginn haut gesprach

Haut ginn d'Urteeler an der Affär ëm d'Mëssbrauchsfäll an der Crèche vu Bous gesprach. Der fréierer Responsabel vun der Crèche gëtt absichtlech Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer virgeworf.

Jacques Ganser / cbi

Geriicht
Foto: justice.lu (Archiv)

Lauschteren


De Parquet hat véier Joer Prisong an eng Geldstrof gefrot, den Affekot vun der Fra huet sengersäits e komplette Fräisproch gefrot.

D'Faite goungen op d'Joren 2014 bis 2017 hannescht, eng 20 Kanner an Alterskategorië bis véier Joer waren dee Moment an der Crèche ageschriwwen. D'Crèche war nodeems d'Virwërf bekannt goufen am Oktober 2017 zougemaach ginn.

Schwéier Virwërf

D'Fra kritt konkret virgeworf, Mataarbechterinne geschloen, gekraazt an un den Hoer gerappt ze hunn. D'Personal hätt dowéinst och an engem ganz héije Rhythmus gewiesselt.

D'Kanner wiere forcéiert ginn ze iesse bis se sech zum Deel iwwerginn hunn oder keng Loft méi kruten. Et wieren och Wëndelen net reegelméisseg gewiesselt ginn oder gebrauchter nees ugedoe ginn.

Déi fréier Directrice kritt dowéinst net nëmme Kierperverletzung virgeworf, mee si soll de Kanner och déi néideg Soine virenthalen hunn.

Méi zum Thema

Geriicht
Virwërf vun absichtlecher Kierperverletzung

Haut war den Optakt vun engem Prozess ëm eng fréier Responsabel vun enger Crèche zu Bous. Hir gëtt absichtlech Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer an Iessensentzuch virgehäit.

Justiz
Justiz

Der Responsabeler gëtt Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer reprochéiert,an d'Privatioun vun Iessen a Versuergung. Eng concernéiert Mamm kämpft mat de Folgen a kritiséiert de Verlaf vun der Affär.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen