Asylrecht "Prozedur Balkan"

"Lëtzebuerg huet keen neit Asylrecht, well d'Gesetzer hunn net geännert", seet den Affekot Frank Wies. Den Ausseminister Jean Asselborn huet eng nei ultra-acceleréiert Prozedur fir deboutéiert Flüchtlingen aus sougenannte sécheren Drëttstaaten ugekënnegt. Fir d'"Prozedur Balkan" wier den Immigratiounsministère op eng Zesummenaarbecht mam Barreau ugewisen, erkläert den Expert an Asylrecht.

Mick Entringer / ys

Frank Wies
Frank Wies

Et hätt een et mat enger interner Ëmstrukturéierung vum Immigratiounsministère ze dinn. De Ministère hätt de Barreau ugeschriwwen, fir an der Flüchtlingsstruktur vum fréiere "Centre de Logopédie" eng Permanence vun Affekoten z'organiséieren, erkläert de Frank Wies. Dat wier d'Viraussetzung fir eng méi séier Prozedur. Hie géif sech wënschen, datt och fir aner Demandeurs d'Asyl aus Syrien an dem Irak méi séier Prozedure géife gëllen.

Dem Barreau wier kommunizéiert ginn, datt Persounen aus de Länner vum Balkan duerch eng ultra-acceleréiert Prozedur ofgeschreckt solle ginn, fir op Lëtzebuerg ze kommen. Den Immigratiounsministère géif an deem Kontext vun der "Prozedur Balkan" schwätzen.

Niemandsland

Dernieft géif et Leit ginn aus Länner wéi Somalia oder dem Irak, déi kee Asylstatut kréien, déi wéinst Krich oder wéinst enger onstabiller politescher Situatioun awer och net zréck an hiert Land kënnen. "Dat si Leit, déi schwiewe während ee bis zwee Joer am "Niemandsland". Iergendwann géife si da vläicht regulariséiert ginn.

Aktuell kéimen d'Halschent vun den Demandë vu Persounen aus de Balkan Länner. Zanter 2013 steet de Kosovo op der Lëscht vun de sougenannte sécheren Drëttstaaten. 2011 war Serbien dropgesat ginn. Déi Lëscht gëtt et zanter 2007. D'Maghrebstaaten Tunesien, Algerien a Marokko gehéieren net zu deene Staaten, präziséiert de Frank Wies. Déi Länner géifen déi Leit dacks net zréck ophuelen, wa si zu Lëtzebuerg ofgewise ginn.

Déi nei ultra-acceleréiert Prozedur géif dorunner guer näischt änneren, seet den Affekot.

Luxexpo: eng hallef oppe Struktur

An Zukunft kommen an d'Luxexpo déi Leit, déi deboutéiert sinn, an zréck an hir Heemecht mussen.

Wann een do eng méi strikt Regelung wéilt aféieren, wéi an deenen anere Foyeren, da misst d'Gesetz geännert ginn. Dat wier bis elo net de Fall, seet de Frank Wies. Bis elo géif et just ee Centre de retention um Findel ginn. Den Immigratiounsministère bräicht eng Permanence vun den Affekoten, fir datt déi Prozedur iwwerhaapt machbar ass.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen