Demonstratioun ProVelo-Demo an der Stad gëtt eventuell awer erlaabt

D'Diskussiounen ëm e Verbuet vun der ProVelo Demonstratioun nächste Samschden an der Stad sinn nach net ofgeschloss. Eisen Informatiounen no soll de Mëtteg am Schäfferot nach eemol doriwwer berode ginn, et wier och net auszeschléissen dat d'Decisioun do revidéiert gëtt.

Jacques Ganser / cz

Monique Goldschmidt
Monique Goldschmidt (Foto: Archiv)

D'Stat Lëtzebuerg hat keng Autorisatioun fir d'Demonstratioun fir besser Vëlosinfrastrukture ginn, dat mam Argument et wier deen Dag Stroossemärt an d'place de la Constitutioun kënnt dofir net gespaart gi. D'Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmidt wëllt dat Verbuet - dat och rechtsstaatlech Froen opwerfe géif - awer net acceptéieren, um sou méi wéi d'Demande fir d'Autorisatioun scho bal e Mount al ass.

Haut (Méindeg) den Owend géif sech de Comité vun der Associatioun gesinn, an decidéieren, wat een den nächste Samschdeg géif maachen. "Mir sinn absolut net der Meenung, datt wéinst dem Stroossemaart déi Maniff net ka sinn", sou d'Monique Goldschmidt.

Méi zum Thema

Fernand Zeimes - alaska mexiko
Lëtzebuerger Sachbicher

Am Alter vu nëmmen 22 Joer ass de Fernand Zeimes vun Alaska bis op Mexiko pedalléiert. Seng Erënnerungen un dës aussergewéinlech Rees goufen elo publizéiert, bal 30 Joer no senger Aventure.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen