D'Vëlosmanifestatioun soll elo net méi bei der Gëlle Fra op der Place de la Constitution starten, mee beim Geriicht Der Opfuederung vun der Stad Lëtzebuerg fir bei der Demo guer net duerch d'Avenue Marie-Thérèse ze fuere wéilt ProVelo awer net nokommen.
D'Stad Lëtzebuerg hat am Ufank d'ProVelo Demonstratioun verbuede mam Argument, datt zur gläicher Zäit e Stroossemaart ass. De Méindeg hat de Stater Schäfferot Vertrieder vu ProVelo fir Gespréicher invitéiert an e neien Itineraire virgeschloen, deen d'Place de la Constitution evitéiert.