Däitschland Protest géint de Shutdown
An Däitschland gëllt zanter leschtem Méindeg e Shutdown light. D'Regierung wëllt de betraffene Betriber an Independante mat Subventiounen hëllefen. Vill vun hinne reagéieren awer mat Kritik an kloen elo viru Gericht. Ze vill Hoffnunge sollten si sech awer net maachen, mengt eisen Däitschland-Korrespondent Max Tholl.

Bis Enn des Mounts nach mussen ënner anerem Kulturariichtungen, Sportzenteren oder Café, Restauranten a Baren an Däitschland hier Dieren zouloossen. Vill vun hinne fäerten allerdéngs, datt si aus wirtschaftleche Grënn villäicht guer net méi kënnen opmaachen, well de Shutdown light trëfft vill vun hinne béis.
Den Ierger ass grouss: méintelaang hunn si Hygiènesmesuren entwéckelt an ëmgesat, an der Hoffnung dierfen opzebleiwen. Datt si elo awer nees hu missen zoumaachen, Schoulen a Butteker par conter dierfen opbléiwen, suergt fir vill Onmutt bei de Betraffenen. Besonnesch well eben net konkret beluecht ka ginn, datt si Schold un der Hausse vun den Neiinfektioune sinn. Dem Robert Koch Institut no, kéinte 75 Prozent vun de Corona-Fäll net genee retracéiert ginn.
De Shutdown viru Geriicht
Dofir zéien elo ëmmer méi betraffe Betriber a Persoune viru Gericht a kloe géint de Shutdown. Ënnerstëtzung erhalen si vun den parlamentareschen Oppositiounsparteien AfD an FDP. De Wolfgang Kubicki, FDP-Vizepresident vum Bundestag, sot de Shutdown wier a Konflikt mat der Gesetzeslag an huet déi Betraffen opgefuerdert, sech juristesch ze wieren.
Optimistesch stëmmt si, datt kierzlech scho Mesurë wéi d'Beherbergungsverbot oder d'Sperrstunde vu Geriichter gekippt goufen. Allerdéngs ass d'Situatioun mëttlerweil eng aner ewéi nach virun engem Mount, d'Infektiounszuelen däitlech méi héich an d'Geriichter verweisen a ville Fäll op d'Aschätzunge vun den Autoritéiten.
Finanziell Ënnerstëtzung
Fir d'Iwwerliewe vun de Betraffenen ze garantéieren hat d'Regierung lescht Woch Subventiounen an Héicht vun 10 Milliarden Euro annoncéiert. Betriber an Independante kënne 75 Prozent vun hirem Revenue vum leschten November respektiv dem Duerchschnëtt vun 2019 als Finanzsprëtz kréien.
Ufanks gouf et awer nach Kritik, well zum Beispill net kloer war, wéi et ëm Persounen oder Entreprisë steet, déi indirekt vun de Mesuren betraff sinn - zum Beispill Fournisseuren. Spiegel Online huet gëschter gemellt, hei wier elo festgehale ginn, datt och déi, déi indirekt betraff sinn, e Recht op Hëllef hunn, soulaang noweislech 80 Prozent vun hirem Ëmsaz vum Shutdown beaflosst gëtt. De Verband vun den Gastronomen an Hotelieren, d' DEHOGA begréisst dës Mesure an huet d'Subventioune gerecht a konsequent genannt. Ouni dës, sou d'DEHOGA, wier all drëtte betraffene Betrib a Gefor.