EUROPA-INTERVIEW Propos fir EU-Mindestloun: EU-Parlament wëllt méi wäit goen

Den Europadeputéierten Dennis Radtke plädéiert dofir, datt däitlech méi Salariéeën an der EU duerch Kollektivverträg ofgedeckt solle ginn. Dat sollt een de Memberlänner iwwer d'EU-Direktiv fir een europäesche Mindestloun virschreiwen, esou dätschen CDU-Politiker, deen dofir an den eegene Reien kritiséiert gouf.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Daniel Radtke
Den Europadeputéierten Daniel Radtke. Foto: European Union 2020 - Source : EP

De ganzen Interview lauschteren


Hie géif nëmme bedéngt aus der Parteilinn ofwäichen, seet den Dennis Radtke am 100,7-Interview. D'CDU wier ëmmer géint een zentralen europäesche Mindestloun mat feste Kennziffere gewiescht, déi vun der EU-Kommissioun festgeluecht ginn, a wouraus sech dann een nationale Mindestloun géif erginn.

Mee genee dat wier am Modell, deen den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, de Nicolas Schmit, am Oktober 2020 virgesinn huet, net virgesinn.

D'Parlament wëllt awer méi wäit goe wéi d'Kommissioun. Dat geet aus dem virleefege Rapport ervir, deen den Dennis Radtke zesumme mat der hollännescher Sozialdemokratin Agnes Jongerius ausgeschafft huet.

Deemno leet d'Parlament am Contraire zu der Kommissioun eng ënnescht Limitt fir ee Mindestloun fest: wann en ënner engem Wäert vu 60 Prozent vum Medianloun a 50 Prozent vun der Moyenne vum Bruttoloun läit, wier en als "net héich genuch" unzegesinn, heescht et an dee Rapport. D'Kommissioun hat drop verzicht, esou eng Limite explizitt ze chiffréieren.

Ubannung un Kollektivverträg däitlech eropsetzen

D'Europaparlament setzt sech och fir däitlech méi héich Ziler bei de Kollektivverträg an ewéi d'Kommissioun. Si hat proposéiert, datt op d'mannst 70 Prozent vun de Salariéen iwwer Kollektivverträg ofgedeckt sinn. Den Dennis Radtke schwätzt sech zesumme mat der Co-Rapportrice fir eng Ofdeckung vu 90 Prozent aus. "Dat entsprécht dem Prozentsaz, iwwer dee sech d'Parlament majoritär eens gi war", seet den CDU-Europadeputéierten.

An den eegene Reie gouf et vill Kritik fir seng Proposen. Esou Iddie géifen der CDU virun allem Walkampf schueden, hat säi Parteikolleeg am Europaparlament, de Sven Schulze, gewarnt.

D'Parlament géif sech selwer als "Moteur vun der EU", als "direkt Vertriedung vun de Bierger a Biergerinnen" gesinn, a wier ëmmer e bësse méi "forsch" wéi d'Kommissioun, seet dozou den Dennis Radtke. Dat géif och senger Opfaassung vu sozialer Maartwirtschaft entspriechen.

"Ein fairer gerechter Lohn wird niemals durch Politik festgesetzt, sondern wird in einem Tarifvertrag definiert. Deswegen ist es so wichtig die Tarifautonomie zu stärken, auch um ernst zu machen mit dem, was in den europäischen Verträgen steht. Dort ist die soziale Marktwirtschaft als Ordnungsprinzip der EU festgeschrieben und das muss auch irgendwann mit Leben erfüllt werden."

Aktuell géif d'Ubannung u Kollektivverträg a ville Länner ofhuelen, an deem misst een eppes entgéint setzen, sou den Dennis Radtke. Hie wier dofir, datt ee bei soziale Standarden an der EU decisiv ee Schratt no vir maache muss.

"Davon profitieren nach meinem Verständnis auch Hochlohnländer wie Luxemburg und auch Deutschland. Weil, wenn in Ländern wie Bulgarien oder Rumänien die Sozialstandards steigen, verbessert sich auch die Wettbewerbssituation in den Hochlohnländern."

Konkret Erwaardungen un den EU-Sozial-Sommet

Vum EU-Sozial-Sommet zu Porto géif hie sech konkret Engagementer vun der Memberlänner erwaarden. Zum Beispill am Beräich vun der Garantien, alle Kanner een Zougank zu Drénkwaasser a sanitären Ariichtungen ze ginn, doheem an an der Schoul.

"Wir reden hier von der Situation von Kindern, nicht etwa in Entwicklungsländern, sonder mitten in der EU. Und da ist meine Erwartungshaltung, dass die Staats- und Regierungschefs das ernst nehmen und da in Zukunft mit dem Europaparlament an einem Strag ziehen. Es ist dann unsere Aufgabe unserer Rolle als Motor gerecht zu werden und weiter Druck zu machen. Und das werden wir auch tun."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Valdis Dombrovskis
EUROPÄESCHE MINDESTLOUN

D'EU-Kommissioun presentéiert eng flexibel EU-Direktiv fir d'Mindestléin op nationalem Niveau ze adaptéieren. D'Krittäre sinn net contraignant. D'EU-Traitéen erlaben et net, méi wäit ze goen, seet den EU-Kommissär Nicolas Schmit.

Nicolas Schmit
EU-Sozialpolitik

Wéinst der Corona-Kris kritt de Projet vun engem europäesche Mindestloun Retard. Am September soll eng konkret Propos um Dësch leien. De legale Kader ass no éischte Consultatiounen nach net gekläert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen