Stëmmungsbild virun de Presidentiellen Prognose fir déi franséisch Regionalwalen

D'Fransouse ginn den 20. Juni un d'Walurne geruff. An 13 Regioune gëtt de Conseil régional nei gewielt. Dat definitiivt Walresultat gëtt um zweeten Tour de Sonndeg drop tranchéiert. D'Wale gëllen als Stëmmungsbarometer ee Joer virun de Presidentschaftswalen. Wéi ee Signal ee sech vun de Regionalwale erwaarde kann, huet eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn den Direkter vum Meenungsfuerschungsinstitut Ipsos gefrot.

Léonardo Kahn (Paräis) / Chris Zeien

Walen Frankräich
Foto: Bigstock/ plantic

D'Montée de la Droite, d'Pandemie, d'Presidentschaftswalen - d'Regionalwale ginn dëst Joer vu ville Facteure markéiert. Obwuel d'Land politesch immens opgelueden ass, misst een dervun ausgoen, datt net vill méi wéi d'Hallschent vun de Walberechtegten hir Stëmm wäerten ofginn, seet de Brice Teinturier, Direkter vum Sondage-Institut Ipsos.

"Ils n'ont pas la tête dans les régionales. Ils ont la tête justement dans ce qui permet maintenant ce début de vrai sortie e la pandémie. Donc nous attendons une abstention toujours forte. Probablement même plus forte de ce qu'elle était en 2015."

De Mëttwoch huet de Premier Jean Castex Lackerunge vun de Coronamossnaamen annoncéiert. Zënter en Donneschdeg muss een dobausse kee Mask méi undoen a pünktlech um Walsonnde gëtt d'Ausgangsspär opgehuewen. D'Pandemie huet deelweis d'Vertraue vun de Fransousen an d'Politik gestäerkt. Trotzdeem wäerten aner Froe fir d'Wal méi relevant sinn, mengt de Politolog Teinturier.

"Il y aura même un effacement de cette question de Covid au moment où les français vont revoter. Et ils vont revoter plutôt sur des thématiques - j'aurai envie de dire " classiques ", qu'il est la délinquance, l'immigration, le chômage, qui est revenu avec cette pandémie."

Themen, déi virun allem der riets-extremer Partei Rassemblement National an d'Kaarte spillen. Momentan huet den RN an dräi Regiounen an de Sondagen d'Nues vir: Am Süden an der Regioun Provence-Alpes-Côtes-d'Azur, an der Regioun Centre-Val-de-Loire an an der Grenzregioun zu Lëtzebuerg Grand-Est. Mat Bléck op d'Resultat vun de lëschte Regionalwalen, nuancéiert de Brice Teinturier awer.

"On devrait même avoir dimanche prochain un Rassemblement National qui obtiendrai un niveau inférieur à ce qu'il a obtenu 2015. En 2015 je le rappelle il avait obtenu 28,4% des suffrages exprimés. Là nous sommes à date plutôt à 26% et en fonction de la mobilisation on peut être à 25, à 26. En tous les cas plutôt un peu en dessous du score en 2015, ce que beaucoup de commentateur ont complètement oublié."

Interessant am Hibléck op d'Presidentschaftswal

Deemools haten déi riets-extrem Kandidatinne Marion Maréchal-Le Pen a Marine Le Pen béid iwwert 40 Prozent vun de Stëmmen am éischten Tour. Haut kënnt nëmmen de Thierry Mariani am Süden den Ëmfroen no op en änlecht Walresultat. Den zweeten Tour ass an deem Fall ëmmer decisiv, vu datt d'Fransousen dann entscheede kënnen, ob se sech da wierklech e riets-extreme Conseil an hirer Regioun wënschen. Wiem d'Wielerschaft hiert Vertraue schenkt, ass deementspriechend och fir d'Presidentschaftswal interessant.

"Ce qui va se jouer à travers ces élections régionales, ce sont aussi au soir du premier tour les éventuelles alliances pour barrer la route ou pas au Rassemblement national dans un certain nombre de région. Est-ce que l'électorat va se mobiliser pour s'opposer à une éventuelle victoire du RN dans un certain nombre de régions. Tout celà va bien évidement impacter le premier tour de la présidentielle et préstructurer cette campagne."

Jee no Regioun presentéiere sech verschidde Parteie vereent an enger Lescht. Déi riets-konservativ Les Républicains doen sech zum Beispill an der Regioun Provence-Alpes-Côtes-d'Azur mat der Regierungspartei La République en Marche zesummen an an der Regioun Pays-de-la-Loire trieden d'Ekologiste vereent mat der lénker Partei Génération.s bei d'Walen u fir géint d'Republikaner ze gewannen.

Fir een definitive Bilan bleift den zweeten Tour um 27. Juni ofzewaarden.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Léonardo Kahn
Lauschteren

Méi zum Thema

Paräis Kommentar
Frankräich

A Frankräich ass den 20. Juni den éischten Tour vun de Regionalwalen. Déi riets-konservativ Partei Les Républicains muss den Ëmfroen no mat Verloschter rechnen. Dat kéint si an eng Kris féieren.

Een Demonstrant op enger Maniff fir Palestina Meenung
Noen Osten

De Konflikt tëscht Israel a Palestina stellt d'Solidaritéit op d'Prouf. D'Militäroffensiv muss kritiséiert ginn, mee d'Existenzrecht vun Israel dierf net a Fro gestallt ginn. Dës Nuance gëtt a Frankräich dacks iwwersprongen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen