Produktioun a Verkaf vu Cannabis D'Gesondheetsministerin annoncéiert eng Zäitschinn

Et kënnt Schwong an d'Diskussioun ëm eng staatlech kontrolléiert Produktioun an Distributioun fir d'éischt vu medezineschem an duerno och rekreativem Cannabis. D'Ministerinnen fir Justiz a Gesondheet Sam Tanson a Paulette Lenert souzen de Freidef um Sennenger Schlass mat Vertrieder aus dräi aneren EU-Länner zesummen, déi och en neie Wee an der Cannabis-Politik wëllen aschloen - well sech gewisen huet, datt déi al Pied net vill daachen.

Maurice Molitor / cz

Paulette Lenert
Foto: Archiv

Lëtzebuerg, Däitschland a Malta hu sech an enger gemeinsamer Resolutioun d'Wuert ginn, op deem Wee zesummen ze halen. Wat eist Land ubelaangt, gëtt et elo och eng prezis Zäitschinn: bis Enn dës Joers soll eng Etüd geneeën Opschloss iwwer de Cannabis-Konsum hei am Land ginn. Dee präzisen Iwwerbléck iwwer all d'Facettë vum Cannabis-Konsum ass den Ausgangspunkt fir déi nächst Etappen, sou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.


D'Paulette Lenert


Als nächst gëtt dann e legale Kader fir medezinesche Cannabis gesat, mat deem och d'Produktioun zu Lëtzebuerg soll erméiglecht ginn. Dono soll och eng Productiouns- a Verkafschaîne méiglech gemaach gi fir den net-medezinesche Cannabis.

"An och dat wëlle mer nach am nächste Joer nach finaliséiert ze kréien, datt mer och do e Projet de loi nach kënnen deposéieren am Joer 2023."

Schonn deposéiert ass jo de Projet de loi, deen et erlaabt, véier Cannabis-Planze bei sech doheem unzebauen.

Méi zum Thema

Eng Cannabisplantatioun a Portugal
Drogepolitik

Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Cannabis
Drogepolitik

UN-Büro fir Drogen- a Kriminalitéitsbekämpfung ënnersträicht: de Konsum vu Cannabis géif eis Gesondheetssystemer belaaschten. De Carlos Paulos gesäit dat anescht: et géife méi Facteure matspillen.

Eng Cannabisplantatioun a Portugal
Cannabisplantatioun

Cannabis-Ubau ënner staatlecher Kontroll zu Lëtzebuerg? Firwat net, seet d'Gesondheetsministesch bei der Visitt vun enger Produktiounsanlag a Portugal.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen