"Ech sinn och e Mënsch", betount de Jean-Paul Scheuren. Hien ass Promoteur vu Beruff, a President vun der Chambre immobilière (CIGDL). Si vertrëtt d'Interessie vun de Promoteuren an Immobilien-Agencen. "Ech kann net ophalen, iwwert d'Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg ze schwätzen", sou de Jean-Paul Scheuren. Et wier en immens wichtege Sujet fir d'Gesellschaft.
Präisser klamme weider
Déi konstant Präishaussen um Immobiliemaart si bekannt. D'Loyere sinn am leschte Joer weider geklommen: Plus véier Prozent fir Appartementer, plus fënnef Prozent fir Haiser (source: athome.lu). Bei de Ventë sinn d'Haus-Präisser ee Prozent geklommen, an d'Appartementer véier Prozent.
Dat wäert och esou weidergoen, mengt de President vun der Chambre immobilière. Well et hätt sech näischt geännert. D'Wunnengsoffer kéim der Demande nach ëmmer kloer net no. An ëmmer méi Leit kéinte sech eng eege Wunneng net méi leeschten.
Fir de Jean-Paul Scheuren ass de Retard bei de PAGen ee vun den Haaptgrënn. Et gi potentiell 2.700 Hektar Land, op deem gebaut kéint ginn. Mä déi meescht Gemengen hätten hire PAG (Plan d'aménagement général) nach ëmmer net fäerdeg. Zënter 2004 wier d'Gesetz do, mä no 13 Joer wier nach ëmmer näischt geschitt, bedauert de Jean-Paul Scheuren. Eng Bremse fir d'Promoteure wier och nach ëmmer dee laangwierege "Prozeduren-Dschungel".
500 Immobilien-Agencen zu Lëtzebuerg
D'Immobilien-Agence kréie bei enger Vente eng Kommissioun vu bis zu dräi Prozent vum Verkafspräis. Den Dan Beck, dee seng eegen Immobilien-Agence huet, gesäit déi héich Präisser awer net onbedéngt als "gutt Nouvelle" fir de Secteur. "D'Cliente fänken un, aggressiv ze ginn, an ech kann hinnen ëmmer méi dacks näischt ubidde fir hire Budget", seet hien. Als Beispill zitéiert hien eng jonk Koppel, déi en Haus an der Stad kafe wollt. Hire Budget louch bei enger Millioun Euro.
Fir Immobilien-Agent ze sinn, geet et net duer, en Handy an en Auto ze hunn, wéi heiansdo gesot gëtt. Et gëtt eng Formatioun vun dräi Méint. 600 Leit géifen déi Formatioun all Joer maachen, sou de Jean-Paul Scheuren. D'Chambre immobilière huet am September och e "BTS Immobilier" lancéiert (Bac plus zwee).
Den Dan Beck seet, hie géif säi Beruff gären an och seriö maachen. Fir de Clienten ze hëllefen, eng Wunneng zu engem "realisteschen" Präis ze kafen oder ze verkafen. Aner Immobilien-Händler, besonnesch déi, déi nei op de Maart klammen, verspriechen de Verkeefer awer dacks en iwwerdriwwene Präis, fir dee si d'Wunneng kéinte verkafen. Dës Praxis, déi net kontrolléiert gëtt, wier kontraproduktiv, seet den Dan Beck. Wunnenge mat onrealistesch héije Präisser géifen net verkaf ginn a während Méint eidel bleiwen.
Spekulatioun op Terrainen
Vun den Terrainen am Bauperimeter si ronn 92 Prozent a privatem Besëtz, an aacht Prozent an ëffentlecher Hand (Staat a Gemengen). Fir den Architekt Jos Dell (hien ass och President vum Ordre des Architectes OAI), ass dat de grousse Problem: D'Terrains-Besëtzer verkafen net, well se waarden, datt den Terrain (nach) méi wäert gëtt. Als eng méiglech Léisung gesäit de Jos Dell eng méi héich Besteierung vun "eidelen" Terrainen. Esou eng Mesure ass am Pacte logement virgesinn. Mä nëmmen aacht vun 105 Gemengen hu bis elo ugekënnegt, dovunner Gebrauch wëllen ze maachen.
Och beim Baulückeprogramm - fir datt op Baulücke ka gebaut ginn - geet et op Gemengen-Niveau och net virun. Do géif et an de Gemengen un Know-how feelen. Den Ordre des Architectes géif probéieren, si dobäi z'ënnerstëtzen, sou de Jos Dell.
Zur Problematik vun der Spekulatioun op Terrainen huet de Jos Dell nach bemierkt: Et misst ee probéieren zu Lëtzebuerg ewech ze komme vum Gedanken, datt een eng méiglechst grouss Wunneng oder en Haus besëtze muss. Et misst ee probéieren, dat "méi ze deelen an ze verstoen, datt mir zesummen an enger Gesellschaft liewen".
Lëtzebuerger Mentalitéit
Dem Jean-Paul Scheuren no wier et falsch ze behaapten, datt d'Leit nëmmen aus finanzielle Spekulatiouns-Grënn un hiren Terraine festhalen. Dat géif et wuel ginn. Et wier dacks och eng Saach vu "Mentalitéit". E Bauer géif ebe gär säin Terrain halen, och wann hien net méi drop schafft. Am Plaz si ze bestrofen, zum Beispill duerch eng Besteierung, wier et méi sënnvoll, op déi Betraffen duerzegoen an eng "Iwwerzeegungsaarbecht" ze leeschten, fir datt méi Terrainen zur Verfügung gestallt ginn, mengt de President vun der Chambre immobilière.
Dobäi präziséiert hie nach: Et wieren net déi "béis Promoteuren", déi Terrainen opkafen fir dann eréischt spéider op hiren Terrains-Reserven ze bauen. Vun den 92 Prozent Terrainen a privatem Besëtz géifen der zéng bis 12 Prozent Gesellschaften a Promoteure gehéieren. D'Promoteure géifen deemno net bewosst "bremsen" an Terrainen, aus Spekulatioun, eidel loossen.
Nei Wunnformen
Dem Jos Dell no bräicht een, fir ze wunnen, net méi esou vill Plaz, wéi ëmmer nach vill Leit dat gären hätten. D'Gesellschaft an d'Familljeliewen hätte sech geännert. Och bei Famillje wier d'Wunneng oder d'Haus hautzedaags dacks eng laang Zäit während dem Dag eidel. Well d'Eltere schaffe ginn an d'Kanner an enger Crèche oder anerer Struktur sinn. An deem Kontext misst ee sech aner, méi kooperativ a méi participativ Wunnformen iwwerleeën.
Dozou géif och gehéieren, datt ee méi an d'Héicht baut, sou nach den Architekt. Dem Jos Dell no wier et falsch, un der Lëtzebuerger Traditioun vu maximaler individueller Wunnfläch festzehalen an domatter d'Landschaft weider ze zersidelen.
De Problem vun net genuch Sozialwunnenge wier iwwerdeems weider akut, mengt de Jos Dell. Der Caritas no feelen 30.000 Sozialwunnengen zu Lëtzebuerg.
Déi rezent Initiativ vun de Ministeren Marc Hansen a Romain Schneider, fir Wunnengen zu "abordabele" Präisser iwwert de Kompensatiounsfong vun de Rentereserve matzefinanzéieren, huet de Jean-Paul Scheuren iwwerdeems als "Karikatur" beschriwwen. Hien hat an der Vergaangenheet scho kritiséiert, datt hei eng ursprénglech Iddie vun der Chambre immobilière geholl gi wier, déi awer an dëser Form net derzou féiere géif, datt vill méi "abordabel" Wunnengen op de Maart géife kommen.