Prisong Prisongsverwaltung: Mannerjäreger zu Schraasseg si "problematesch"

Den Direkter vun der Prisongsverwaltung seet, et wier "problematesch", Mannerjäreger am Prisong ënnerzebréngen. Zu Lëtzebuerg ass dat am Moment nach erlaabt. Et wier awer nach net kloer, wéi mannerjäreg Gefaangener an Zukunft behandelt ginn, sou de Serge Legil. Hie betount och, an Zukunft géif eng Struktur fir geféierlech Jugendlecher gebraucht ginn.

Rick Mertens / cz

Serge Legil
De Serge Legil ass den Direkter vun der Prisongsverwaltung

An esou Fäll bräicht ee speziell "Sécherheetsaspekter", déi an der Unisec zu Dräibur net gi wieren. De Serge Legil ka sech virstellen, datt nieft Dräibur an dem Prisong zu Schraasseg, nach eng zousätzlech Struktur gebaut gëtt.

2022 geet zu Suessem en neie Prisong op, wou Untersuchungshäftlingen ënnerbruecht ginn. A fir datt dee ka fonctionnéieren, mussen 338 nei Mataarbechter rekrutéiert ginn. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung weess, datt dat net einfach gëtt, esou vill Leit ze fannen.

Trotzdem weist de Serge Legil sech zouversiichtlech. Fir déi technesch, déi wëssenschaftlech, genee wéi fir d'Verwaltungs-Carrièrë wäert ee méi einfach genuch Personal fannen.

"Wann et elo bei den Agent penitentiairen net duer geet, da musse mir d'Saach e bësse strecken: Zu Suessem si véier Unitéiten à 100 Leit geplangt. Hei kann een eventuell doriwwer nodenken, der nëmmen dräi opzemaachen."

Datt d'Police an deem selwechten Zäitraum och iwwer 600 Leit astellt, wier e weideren Defi, well d'Prisongsverwaltung géif um selwechte Marché no Aarbechtskräfte siche wéi d'Police.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Carola Rackete
Seawatch

An Italie gëtt haut d'Decisioun doriwwer erwaart, ob déi däitsch Kapitänin Carola Rackete fräi gelooss gëtt. Si steet ënner Hausarrest, nodeems si de Weekend mat engem Schëff mat 40 Refugiéen u Bord op der Insel Lampedusa ugeluecht hat.

Claudia Monti
Jugendschutz a -strofrecht

D'Claudia Monti ass "immens frou", datt de Justizminister Felix Braz averstanen ass, datt Mineuren net an de Prisong gehéieren. Dës Ukënnegung misst awer och am Gesetz verankert ginn, esou d'Ombudsfra.

Frank Wies Meenung
Fräie Mikro

Zanter bal 20 Joer soll d'Gesetz iwwer de Jugendschutz reforméiert ginn. De Projet, deen am Mäerz 2018 presentéiert gouf, war mat groussen Hoffnungen erwaart ginn, déi awer enttäuscht goufen, seet de Frank Wies.

RER Jugendschutz
Riicht Eraus

D'Jugendschutzgesetz misst méi contraignant Mesurë fir Eltere virgesinn, seet d'Affekotin Valérie Dupong a Riicht eraus zum Thema Jugendschutz. E Jugendstrofgesetz wier net déi richteg Léisung.

Felix Braz
Mannerjäreger am Erwuesseneprisong

De Justizminister Félix Braz gëtt zou, datt d'Infrastrukturen zu Schraasseg net optimal sinn. Mam neie Jugendschutzgesetz solle Mannerjäreger nëmmen nach an Ausnamefäll op Schraasseg kommen.

Handschellen
Jugendschutz

Dräi Jonker ënnert 18 Joer souzen de leschte Freideg am Prisong. Dat huet de Justizministère op eis Nofro hi confirméiert. An der Sécherheetsunitéit fir Mannerjäreger si momentan fënnef Plaze beluecht.

D'UNISEC zu Dräibur
Centre socio-éducatif

Véier Jugendlecher sinn aktuell an der zouener Sécherheetsunitéit zu Dräibur. D'Zil ass et, datt keng Mannerjäreg am Prisong fir Erwuessener agespaart ginn. Et ginn awer keng fest Critèrë fir e Placement.

Felix Braz
Prisong

Bis de Prisong fir Untersuchungshäftlingen 2022 opgeet, bleift Schraasseg iwwerbeluecht, seet de Justizminister Félix Braz. A soulaang feelt d'Plaz, fir Tensioune besser an de Grëff ze kréien.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen