Handwierkerfederatioun Prioritéit: Ausbildung

D'Beruffsausbildung an d'Orientatioun mussen eng Top-Prioritéit vun der nächster Regierung ginn, seet de Romain Schmit. De Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun zitt e gemëschte Bilan vun der aktueller Regierung. Anescht wéi déi viregt, wär blo-rout-gréng disponibel fir Changementer gewiescht.

Mick Entringer / ys

Romain Schmit
Romain Schmit

"Ausbildung, Ausbildung, Ausbildung" äntwert de Romain Schmit op d'Fro, wat aus der Siicht vun der Handwierkerfederatioun, déi dräi Prioritéiten, fir déi nächst Regierung solle sinn.

D'Orientatioun an en Handwierk soll e Choix sinn, an net d'Resultat vun engem schouleschem Echec, seet de Romain Schmit. Fir de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun sollen an Zukunft och Bachelorsausbildunge fir Handwierker méiglech ginn.

De Staat misst Plaze schafe fir Leit mat niddereger Ausbildung. D'Handwierk kéint déi Leit net eleng opfänken. "Mir sinn net de Reparaturbetrib vun dëser Gesellschaft."

Gemëschte Bilan fir blo-rout-gréng

Dës Regierung hätt eng méi grouss Disponibilitéit fir de Changement gehat, wéi déi virdrun, seet de Romain Schmit. Et wier vill geschitt, mä net alles wier richteg gewiescht. D'Verhandlungen iwwert d'Aarbechtszäit wiere schmäerzvoll fir d'Patronatsorganisatioun gewiescht. Ganz positiv wier de Kontakt mam Wirtschaftsministère, "mat deem mir exzellent fueren".

Hausse vu Mindestloun keng Léisung

Zur Fuerderung vum OGBL, fir de Mindestloun ëm zéng Prozent ze héijen, seet de Romain Schmit: "Mir kennen d'Mindestléin héijen, souvill wéi mir wëllen. Domadder kréie mir net d'Problemer vun all de Leit am Land gereegelt, wat d'Wunnen ugeet". Dat wier den Haaptproblem.

Eng Erhéijung vun den Ufanksgehälter beim Staat, sou wéi d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP dat fuerdert, géif Problemer schafen. "Méi héich Salairë beim Staat verschäerft d'Konkurrenz tëscht Staat a Privat-Secteur".

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Baker with students in kitchen making pastries
Handwierk

D'Aschreifkäschte fir de Brevet de Maîtrise sinn elo dräi Mol méi deier. D'Formatioun ass opgewäert ginn, argumentéiert de Vize-Generaldirekter vun der Handwierkerkammer Charles Bassing.

Romain Schmit
Handwierkssecteur

D’Handwierkerfederatioun begréisst déi geplangten 90 Milliounen Euro Finanzhëllefe fir Kleng- a Mëttelbetriber. De Generalsekretär Romain Schmit kritiséiert awer d'professionell Orientatioun fir d'Schüler.

eufom
Educatioun

Lëtzebuerg huet zënter der Rentrée en Institut Supérieur de l'Economie. Zwee Studiegäng a "Business Administration" ginn ugebueden. Eng Rei weider Offere sollen awer nach derbäi kommen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen