Reform vun der Pressehëllef Print- an Onlinemedie gläichstellen
De Grënner vum Editiounshaus Maison Moderne kritiséiert een Aspekt vun der geplangter Reform vun der Pressehëllef: Et wier "net normal", datt Dageszeitungen bis zu 1,6 Milliounen Euro u staatlecher Hëllef zegutt hätten, wärend fir Online-Publikatiounen e Plaffong vun 550.000 Euro soll gëllen.

D'Argument, datt et méi deier wier eng Zeitung ze drécken, wéi um Internet ze publizéieren, léisst de Mike Koedinger net gëllen. Hie betount, datt och Online-Publikatiounen eppes kaschten: all dräi bis fënnef Joer misst een alles nei maachen, an dat wieren "immens héich" Beträg.
De Mike Koedinger ënnersträicht, datt een dofir och eng Ekipp brauch. Maison Moderne hätt eng Ekipp vu sechs Leit an der Informatik, déi sech just ëm Maintenance a Weiderentwécklunge këmmeren. Dës Paie géife bei déi vun de Redaktiounen, Grafiker a Fotografen dobäikommen.
Digital Offer gëtt méi wichteg
De Mike Koedinger plädéiert bei der Reform vun der Pressehëllef fir eng absolut Gläichstellung vu Print an Online. Dat wier och gerechtfertegt, well d'Leit ëmmer manner zu enger gedréckter Dageszeitung gräifen, fir sech op de leschte Stand vun der Informatioun ze bréngen, dofir awer ëmmer méi op den Internet ginn.
De Lëtzebuerger Journal ass schonn op déi Pist gesprongen: vum 1. Januar 2021 u kann een d'Zeitung just nach digital liesen. De Mike Koedinger mengt, datt d'Zeitung domat evitéiert ee weidere Feeler ze maachen an nach méi Perten ze generéieren. Ob et awer de richtege Choix war géif sech unhand vum Contenu weisen.
"Dat hänkt of, ob e méi radikal gëtt a sech méi staark engagéiert mat enger Meenung: dee Moment fënnt e vläicht Lieser, déi sech abonéieren. Wann en ze vill Mainstream weiderhi bleift, dann huet e mengen ech keng weider Chancen à terme online ze existéieren, well da gëtt et awer op eemol eng grouss Offer, déi Paywalls huet, an da gëtt et ganz schwéier, datt jiddweree seng puer dausend Abonnenten zesummekritt."
An zéng Joer: manner Mediepluralismus
De Mike Koedinger geet dovun aus, datt an zéng Joer d'Presselandschaft anescht wäert ausgesinn. Senger Meenung no wäerten et manner Publikatioune ginn a verschiddener wäerte méi staark sinn.
Et wäert och "bestëmmt manner Pluralismus" ginn, mee dofir "hoffentlech eng ganz Rei jonk Boîtë mat gudden challenging ideas", esou de Patron vu Maison Moderne. Dës Publikatioune géife mat neien Iddie kommen an hätte vläicht keng grouss Audienz, mee géifen hiren Deel zum Pluralismus bäidroen.