ANIL "Prime unique fir de Gesondheetssecteur kéint als Schweigegeld verstane ginn!"

Eng Petitioun fuerdert, eng Prime unique fir d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur. Dat fir hiren Asaz an der Corona-Kris. D'Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren - d 'ANIL - huet gemëschte Gefiller par Rapport zu där Iddi.

Sophie Morang / cbi

Anne-Marie Hanff
D'Anne-Marie Hanff ass Presidentin vun der Infirmiersassociatoun ANIL. Foto: Archiv

De ganzen Interview mat der Anne-Marie Hanff lauschteren


"Esou eng Primm ka just eng Drëps op e waarme Stee sinn", seet d'Anne Marie Hanff. D'Presidentin vun der Infirmiersassociatoun ANIL fäert, datt wann e puer honnert Euro ausbezuelt ginn, déi als eng Zort Schweigegeld kéinte gebraucht ginn. Dat nom Motto "Dir huet är Sue jo kritt, elo ass et gutt." E Méindeg soll déi parlamentaresch Petitiounskommissioun sech mat der Petitioun zum Theema befaassen.

"Den Engagement vun den Infirmiere muss sécher wäertgeschätzt ginn", esou d'Anne-Marie Hanff. Si sträicht awer och ervir, datt de Secteur wärend der Corona-Kris ganz einfach säin Job gemaach huet. Et wier een do fir de Leit ze hëllefen. A wann een am Gesondheetssecteur schafft, wéist een, datt een et och mat infektiéise Krankheeten, wéi engem Virus, ze doe kéint kréien.

Op de Secteur lauschteren

Méi wichteg wéi eng Primm fënnt d'Anne-Marie Hanff, datt dem Secteur nogelauschtert gëtt. Datt d'Fuerderungen erfëllt ginn: ënner anerem am Kontext vun der Formatioun.

Belaaschtend fir d'Personal am Alldag wier awer och den administrativen Opwand, deen zouhëlt. D'Fleegedokumentatioun wier net méi do, fir de Fleegeplang fir e Patient opzestellen, erkläert d'Anne-Marie Hanff. Dat wier aktuell méi e Finanzéierungsmëttel.

Op Basis vun der Dokumentatioun gëtt nämlech verrechent. "Dat ass eng Evolutioun, déi schwiereg ass", seet d'Anne Marie Hanff. Et géif virun allem dat dokumentéiert ginn, wat finanzéiert muss ginn. Mee net méi onbedéngt dat, wat wichteg ass.

Méi zum Thema

COVID-19 Test
Corona-Pandemie

44 Leit goufen hei am Land bannent engem Dag positiv op de Coronavirus getest. Dat ass déi stäerksten deeglech Hausse zanter dem 21. Abrëll. Bannent de leschte 24 Stonnen goufen iwwer 4.217 Tester gemaach.

Claude Muller
Corona-Kris

De Virolog Claude Muller fënnt et wichteg ëffentlech ze soen, sollt eng Party de Grond fir eng héich Zuel un neien Infektioune sinn. Dat géif nämlech weisen, datt esou Partyen net solle stattfannen.

ILlustratioun Vaacin COVID-19 SARSCoV2
Corona-Kris

D'Länner aus der Europäesch Unioun solle sech zesummendinn, fir sech Impfstoffer géint de Coronavirus ze verschafen, fënnt d'Europäesch Kommissioun. 4 EU-Länner hunn awer schonn een Accord mat engem Impfstoff-Produzent ofgeschloss.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen