Den Direkter vum Wëlzer Lycée a Vizepresident vum Collège vun de Lycéesdirektere seet offiziell Chiffere géifen et zwar nach keng ginn, mee hien hätt nach vu kengem Fall héieren, wou e Premièresschüler sech no engem positiven Covid-Test hätt missen isoléieren a fir den Examen ofmellen.
Am Lycée du Nord wier et een eenzege Schüler gewiescht, deen net um Examen hätt kënnen deel huelen, mee dee wier net am Isolement gewiescht, mee en hat e Krankeschäin.
D'Kolleeginnen a Kolleegen aus den anere Lycéeë hätten dës Zuele confirméiert: tëschent null a fënnef Schüler pro Lycée hätte bei den Exame gefeelt - keen een wéinst enger Mesure d'isolement. Dat wieren net méi Absencë wéi déi Jore virdrun, preziséiert de Pierre Stockreiser.
De Pierre Stockreiser mengt, datt d'Premièresschüler sech ganz verstänneg beholl hätten an och hir sozial Kontakter limitéiert hätten. Hie gëtt awer zou, datt et op de Premièren d'Retizenz, fir e Schnelltest ze maachen, e bësse méi grouss war wéi op den anere Klassen:"Dat ass am Allgemengen esou: wat den Alter vun de Schüler méi héich gëtt, wat d'Participatioun méi erofgeet."
Den Taux de participation am Lycée du Nord fir d'Schnelltester géif tëschent 85 an 90 Prozent leien - och beim Personal. Dës Zuelen hätt de Pierre Stockreiser och vun anere Schoule confirméiert kritt.