D'Reform vun der Pressehëllef kéint schonn an den nächste Wochen an der Chamber gestëmmt ginn: well et ëm staatlech Hëllefe fir Entreprisë geet, ass nach gréng Luucht vun der EU-Kommissioun néideg.
Virum Vott an der Chamber wäerten et op jiddwer Fall keng Entrevuë mat Vertrieder vu Journalisten an Editeure méi ginn. Dat huet déi zoustänneg Chamberkommissioun de Mëtteg mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien esou decidéiert.
CSV bedauert d'Entscheedung vun der Chamberskommissioun
D'Journalistevereenegung ALJP hat jo d'lescht Woch an engem oppene Bréif gefuerdert, vun den Deputéierte gehéiert ze ginn: kritiséiert gëtt ënner anerem, datt déi staatlech Hëllef pro professionelle Journalist am Projet op 30.000 Euro reduzéiert gouf.
D'CSV-Fraktioun géif "zu déifst bedaueren", datt et virum Vott vum Gesetzprojet net méi zu Entrevuë mat Journalisten- an Editeurs-Vertrieder kënnt, esou d'Deputéiert Diane Adehm.
"Si hunn hir Avisen era ginn um Ufank vun engem legislative Prozess, nodeems si an d'Ausaarbechtung vun engem Gesetzesprojet mat agebonne waren. Dee Projet huet iwwer all déi Zäit (...) evoluéiert. An dann ass et an eisen Aen nëmmen normal, datt mer déi Leit nach eng Kéier gesi fir mat hinnen driwwer ze schwätzen, datt si eis hir Ängschten nach eng Kéier kënne mat op de Wee ginn."
Wat déi geplangten Hëllef fir d'Print- an d'Online-Medien ugeet, wier een elo um Enn vum legislative Prozess ukomm, seet d'DP-Deputéiert Carole Hartmann:
"A (mir) waren elo der Meenung, datt et méi wichteg ass e Pressehëllef-Gesetz elo ze stëmmen, an enger relativ schneller Zäit, wéi datt mer dee Prozess nach eng Kéier sollten ufänken. Et sinn nämlech ganz vill Avisen era komm an u sech ass d'Diskussioun iwwer den Text elo quasi ofgeschloss gewiescht."
Ugeduecht wier, datt zwee Joer nom Akraafttriede vun der Reform soll analyséiert ginn, ob déi geplangte staatlech Hëllefe fir d'Presse wéi virgesinn ukommen, esou d'DP-Deputéiert. Bei Problemer kéinten dann Upassungen um Gesetz gemaach ginn.