Bei de leschte Parlamentswalen am Oktober 2019 hunn eng 7.700 portugisesch Bierger hei zu Lëtzebuerg ofgestëmmt: dat entsprécht enger Walbedeelegung vu 16 Prozent.
Och wann d'Participatioun bei de Walen net besonnesch héich wier, bei ville portugisesche Bierger hei am Land wier den Interêt fir déi politesch Aktualitéit am Heemechtsland do, mengt d'Madalena Queirós, Chefredaktrice vun der Wochenzeitung "Contacto".
Besonnesch d'Theema Pensioun géif d'Leit hei am Land interesséieren. Vill vun de portugisesche Bierger zu Lëtzebuerg géifen an der Pensioun zeréck a Portugal goen, zielt d'Madalena Queirós. Dofir wéilte si matbestëmmen, wéi hir Zukunft a Portugal ausgesäit.
Administrativ Hürden
Fir d'Parlamentswale gëtt per Bréifwal ofgestëmmt: de Walziedel kréien déi walberechtegt Bierger automatesch zougeschéckt - an der Theorie. An der Praxis hätte just eng 75 Prozent vun de portugisesche Bierger esou ee Bulletin kritt, zielt d'Chefredactrice vu "Contacto", déi aner wieren op eng falsch Adress geschéckt ginn.
Fir de Walziedel zeréck ze schécke muss een zwar keen Timber bezuelen, et muss een awer am Virfeld verschidden Demarchen an d'Weeër leeden. Fir de Raúl Reis, Direkter vun der Onlinepublikatioun "Bom Dia", kéint dat ee Grond fir eng niddereg Walbedeelegung sinn. Vill Parteien an Associatioune géifen dofir fir eng elektronesch Wal plädéieren.
Vill vun de portugisesche Parteien ignoréieren d'Wieler, déi am Ausland wunnen, zielt de Raúl Reis, anerer hätten awer de Wee op Lëtzebuerg fonnt. Déi portugisesch Wieler hei am Land kënnen zwee vun den 230 Deputéiert wielen - wéinst der niddereger Walbedeelegung kënnen hei e puer Stëmmen een Ënnerscheed maachen, zielt den Direkter vu "Bom Dia".