Auslandschronik Politik a Russland: Anescht an dach vertraut

Eise Korrespondent Rick Mertens war zéng Deeg mat däitsche Journalisten a Russland ënnerwee. Dobäi huet hie festgestallt, datt russesch Politiker anescht mat Journalisten ëmginn, wéi d'Politiker heiheem. Obwuel: Esou anescht vläicht och erëm net.

Rick Mertens

Analys Rick Mertens
Rick Mertens

Am Fong hate mir eis op en Interview agestallt, esou wéi mir e vun doheem kennen: En Treffen tëscht engem Politiker a Journalisten, bei deem vläicht nach e politeschen Assistent oder Pressespriecher dobäi ass.

Mee den Anatoli Pachomow hat en aneren Zeenario fir eis preparéiert. De Buergermeeschter vu Sotschi empfänkt eis net a sengem Büro, mee an der praller Sonn op der Haaptplaz am Zentrum vu senger Stad. An hie bréngt direkt eng ganz Hickecht vun Assistente mat: Pressespriecher, Iwwersetzer, mee och Fotografen, Kameramänner a Journalisten. Fir wie si schaffen, a firwat si do sinn, ass op den éischte Bléck net kloer.

Och d'Journaliste solle befrot ginn

Et schéngt ee Moment esou, wéi wann de Buergermeeschter d'Situatioun wéilt ëmdréien: Amplaz datt just hien op Froe muss äntweren, sollen elo och d'Journalisten aus dem Ausland vun der russescher Tëlee befrot ginn.

No Kuerzem Hin-an-Hier ass d'Situatioun zwar entschäerft: Mir kënnen den Anatoli Pachomow am Schied interviewen, ouni dobäi gefilmt oder fotograféiert ze ginn. Während dem Interview bleiwe vun Zäit zu Zäit Passante stoen, déi sech mat hirem Buergermeeschter wëlle fotograféieren.

Et bleift en dubiéisen Androck vun engem Politiker aus dem Wladimir Putin senger Partei Vereent Russland, deen international virun allem dofir bekannt ass, datt e virun den Olympesche Wanterspiller vun 2014 sot, a senger Stad géifen et keng Homosexueller ginn.

D'Politiker wëllen en Androck hannerloossen

Datt et wichteg ass en Androck bei Journalisten ze hannerloossen, weess och de liberalen Oppositiounspolitiker Andrej Netschajew. Dofir seet de fréiere russesche Wirtschaftsminister am Gespréich mat de Journalisten aus Däitschland a Lëtzebuerg vill Saachen, déi déi meescht däitsch oder Lëtzebuerger Politiker net viru Journaliste géife soen.

De liberale Politiker demonstréiert raue Charme andeems hie flucht, sech mol iwwer d'Fëmmverbuet, mol iwwer déi Gréng opreegt, an tëschenduerch um Balcon eng Päif fëmmt. Wéi en Tëleesjournalist urifft an no engem Interview freet, bestellt hien d'Kamerateam einfach direkt op d'Plaz a gëtt den Interview während mir nokucken. Et ass en duerchaus ënnerhalsamen Optrëtt, deen eis Reporter vill faarweg Detailer fir eis Artikelen a Reportagë bitt.

De Buergermeeschter vu Sotschi an de wirtschaftsliberalen Andrej Netschajew sinn deemno zwee Politiker, déi wëssen, wéi wichteg den Ëmgang mat de Medie fir hiren Image ass. Vläicht ass a Russland awer net alles anescht wéi doheem.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Rick Mertens Analys
Mediechronik

Grenze bleiwe Barrièren. Däers gëtt ee sech als EU-Bierger zum Beispill bewosst, wann een a Russland reest. Grad wann een als Journalist dohi geet, zielt den 100,7-Auslandskorrespondent Rick Mertens.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen