Etat de la Nation Politesch oder konjunkturell bedéngt?

De Premierminister Xavier Bettel huet déi positiv wirtschaftlech Entwécklungen an de Virdergrond gestallt. Et ass awer net kloer, ob dat op politesch Decisiounen, oder op dat wirtschaftlecht Ëmfeld zeréckzeféieren ass.

Jean-Claude Franck / cbi

Analys Xavier Bettel
Foto: Chambre des Députés

De Xavier Bettel huet fir objektiv Fakten plädéiert, an huet och probéiert eng positiv wirtschaftlech Entwécklung an de Virdergrond ze stellen. Hie seet awer net, datt d'Ekonomie schonn Ufank 2013 erëm ugefaangen huet staark ze wuessen, also ier déi aktuell Regierung d'Rudder iwwerholl huet.

Gutt fir d'Finanzplaz

De Xavier Bettel erënnert drun, datt et der Finanzplaz besser geet wéi dat nach am Ufank vun der Legislaturperiod de Fall war. Dat ass effektiv e Merite vun dëser Regierung, et ass gelongen de Kader vun de Finanzplaz ofzesécheren, an dat trotz LuxLeaks-Prozess an dem Enn vum Bankgeheimnis.

Weider lueft de Xavier Bettel d'Aarbecht vum Finanzminister Pierre Gramegna: "Bei de Staatsfinanzen ass d'Resultat objektiv positiv". Ob dës Entwécklung awer op politesch Decisiounen, oder op e konjunkturellt Ëmfeld zeréckzeféieren ass, doriwwer ginn et keng objektiv Fakten.

Wirtschaft a Chômage

Eng éischt mëndlech Ënnerstëtzung aus de Reie vun de Majoritéitsfraktioune gouf et, wéi de Xavier Bettel op déi positiv Evolutioun vum Chômage opmierksam gemaach huet. Ob dës Entwécklung e Verdéngscht vun der aktueller Regierung ass, oder och op dat konjunkturellt Ëmfeld zeréckzeféieren ass, bleift op.

Zu den Diskussiounen ëm d'Jughurt- a Steewollfabrick sot de Premierminister: "Verschidde Fakte falen ënnert den Dësch". Ee Beispill wier, datt d'Croissance vu Frontalieren haut net méi héich wier, wéi dat nach viru 15 Joer de Fall war. Et wier scho méi fréi verpasst ginn d'Infrastrukturen unzepassen. D'Ursaachen heifir sinn allerdéngs komplex, an de Premier wollt net einfach de Regierunge vu virdrun d'Schold ginn.

Knackpunkt Mobilitéit

Zum Thema Mobilitéit huet de Xavier Bettel zouginn, datt de Stau ee vun de groussen Defien hei am Land ass. Trotzdem hätt nach keng Regierung esou vill an d'Mobilitéit investéiert wéi déi aktuell.

Besonnesch an de Schinnereseau wier an de leschte fënnef Joer méi investéiert gi wéi an den zéng Joer virdrun. Hie seet awer net, datt déi meescht Projete scho vun der Regierung vu virdrun decidéiert goufen.

Familljepolitik

De Staatsminister lueft och déi nei Reegelung vum Congé parental: Zejoert wier d'Demande fir de Congé parental ëm 70 Prozent an d'Luucht gaangen, a bei de Männer hätt een eng Hausse vun 190 Prozent kënne feststellen.

D'Regierung wéilt och e gesetzleche Kader fir Mammen a Pappe schafen, fir datt si hiren Alldag anescht kënnen organiséieren, ouni op Käschte vun hire beruffleche Perspektiven oder der Produktivitéit vum Betrib ze goen. Beim Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, dem Romain Schmit, stéisst dës awer och Kritik:

Sozial Kohäsioun

Déi aktuell Regierung hätt dofir gesuergt, "datt d'Schéier tëscht aarm a räich net weider ausernee geet", seet de Xavier Bettel. De Jean-Claude Reding, President vun der Chambre des Salariés, an de Robert Urbé vun der Caritas sinn do géigesätzlecher Meenung. Si mengen, datt Aarbecht net virun Aarmut schützt, an datt d'Aarmut souguer an d'Luucht géif goen.


Analyse vum Jean-Claude Franck:

Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier-Bettel an der Chamber Analys
Rhetorik

Den État de la Nation ass e politescht Spill wat sech all Joer widderhëlt. Awer d'Ried war dëst Joer däitlech méi positiv, wéi nom Regierungsuntrëtt. Wéi huet d'Rhetorik vum Premier sech entwéckelt?

Regierung
An der Chamber

Wéinst enger Tounpanne an der Chamber ass d'Ried zur Lag vun der Natioun ëm een Dag verréckelt ginn. De Premier Xavier Bettel (DP) huet geschwat, mä d'Bierger konnten him net nolauschteren.

Jean-Claude Franck Kommentar
Etat de la Nation

Am État de la Nation 2016 gouf een net vill Neits gewuer, mä dat ass keng Iwwerraschung, mengt de Jean-Claude Franck am Kommentar

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen