Dateschutz Police Fichieren: Och längst klasséiert Affäre ginn net geläscht

Virun iwwer engem Joer goung d'Debatt iwwer d'Datebanke bei Police a Justiz lass. Si krut zanterhier 475 Demandë vu Leit eran, déi wollte wëssen, wat d'Police un Informatiounen iwwer si an hire Fichieren hält. D'Police brauch bis zu engem Joer, fir déi Demanden ze beäntwerten. Zu deenen Informatioune gehéiere weiderhi längst klasséiert Affären.

Michèle Sinner / cz

Illustratioun Datebanken Police
Foto: Bigstock / Laymanzoom

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschteren


Vun deenen Demanden, deelt d'Police op Nofro schrëftlech mat, goufen der 320 beäntwert. Dat dauert awer bis zu engem Joer. Et wier vill Aarbecht, déi verschidde Fichieren op Informatioune vun enger Persoun ze kontrolléieren, an et misst een dobäi och lafend Enquêten ausschléissen.

Date ginn och bei engem "classement sans suite" net geläscht

An enger vun dësen Äntwerten, déi dem Radio virläit, taucht eng längst klasséiert Affär op. Ouni datt dobäi steet, datt se klasséiert ass. Dozou erkläert d'Police, datt si net vun der Justiz gewuer géif, wat klasséiert gëtt. Si argumentéiert och, e "classement sans suite" wier keng definitiv Decisioun vun der Justiz an d'Enquête kéint bis zur Verjärung erëm opgemaach ginn, wa sech "d'Strofdot widderhëlt". Dobäi gouf et wéinst dem Klassement vun der Enquête natierlech keng Uklo, a scho guer keng nogewise Strofdot. An dësem Fall gouf et just eng Plainte vun enger drëtter Persoun.

Concernéiert kënnen net iwwerpréiwen, wien hir Donnéeë gekuckt huet

D'Police renseignéiert och net driwwer, wien alles Zougrëff op engem seng Donnéeë geholl huet. Dat géif zwar enregistréiert. Mee déi Informatioune kréichen déi Concernéiert just matgedeelt, wann hinnen duerch en Dateschutzverstouss e Schued entsteet. D'Dateschutzbeoptraagte vun der Police war net bereet en Interview ze ginn, fir ze erklären, wéi déi Concernéiert ouni d'Informatioun, wien hir Donnéeë gekuckt huet, solle wëssen, ob et en Dateschutzverstouss gouf, an ob hinnen doduerch e Schued entstanen ass.

Méi zum Thema

Police Lëtzebuerg
Enquête

Bei der Generaldirektioun vun der Police a bei der Regionaldirektioun aus dem Norde goufe Perquisitioune vun der Inspection générale gemaach. Am Raum stéinge Virwërf vu Prise illégale d'intérêt a fraude informatique.

Police-4.jpg
Corona-Kris

Fir datt jiddweree sech un d'Reegele vum Confinement hält, geet d'Police op den Terrain kontrolléieren. De Pierre Reyland war bei esou enger Covid-19-Kontroll an der Stad mat derbäi.

Policekotroll op der däitsch/lëtzebuergescher Grenz (Markusbierg)
Däitsch-Lëtzebuergesch Grenz

Zanter dem Méindeg de Moie kontrolléiert déi däitsch Police d'Grenz op enger Réi Iwwergäng. Dat hat den däitschen Inneminister de Sonndeg schonn annoncéiert. Haut géif nach net esou streng kontrolléiert ginn, wéi et vum Dënschdeg un de Fall soll sinn.

François Bausch
Dateschutz

D'Gesetz iwwer d'Datebanke bei Police a Justiz soll bis den nächste Summer nogebessert ginn, seet de François Bausch. De Minister fir bannenzeg Sécherheet seet, am Moment wier nach net kloer, wéi eng Adaptatiounen néideg sinn.

Charel Margue
Fichieren

Op de soziale Medien wier deelweis op eng "disproportionnéiert" Manéier Onrou geschaaft ginn, d'Press hätt awer eng "legitim" Aart a Weis gehat fir den Debat ze couvréieren, sou de President vun der Chamber Justizkommissioun.

Gilles Roth, Charles Margue, François Benoy, Félix Braz
Fichier Central

Bei de Froe ronderëm d'Datebanke vu Police a Parquet verlaangt d'Oppositioun Opklärung. D'Ministere François Bausch a Félix Braz verspriechen Transparenz. Nach sinn net all Froe beäntwert.

Et gouf en Accord mat der Police fonnt
Recrutementsplang

Fir dem Personalmangel entgéint ze wierke wëllt d'Regierung an den nächsten dräi Joer d'Police personell verstäerken. Genee Zuele goufen net genannt. Iwwerstonnen a Permanencë ginn nei gereegelt.

Philippe Schrantz
Reaktioun op d'Kritik vun der Policegewerkschaft

Op der Generalversammlung vun der SNPGL gouf et Kritik un der Policereform, der Aarbechtszäitreegelung an den Zäitspuerkonten. De Policegeneraldirekter Philippe Schrantz reagéiert op d'Kritiken.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen