Fichieren Police-Datebank: D'Press huet "hir Roll erfëllt"

De gréngen Deputéierte Charel Margue seet, d'Press hätt an der Diskussioun ronderëm d'Datebanke bei Police a Justiz "hir Roll erfëllt". Op de soziale Medien wier deelweis op eng "disproportionnéiert" Manéier Onrou geschaaft ginn, d'Press hätt awer eng "legitim" Aart a Weis gehat fir den Debat ze couvréieren, sou de President vun der Chamber-Justizkommissioun.

Rick Mertens / cz

Charel Margue
Charel Margue

Domat reagéiert de Charel Margue op d'Kontrovers ronderëm en oppene Bréif vun de Ministere François Bausch a Félix Braz reagéiert. Déi zwee gréng Ministeren haten e Méindeg e Bréif un d'Press geschéckt, an deem si déi ëffentlech Diskussioun iwwer d'Datebanke bei Police a Justiz kommentéieren. Doran heescht et "onhaltbar pauschal Beschëllegungen" wieren an dëser wichteger Diskussioun net akzeptabel. D'Journalisten-Associatioun ALJP gesäit de Bréif als Versuch, d'Press ze intimidéieren.

Hie géif awer och verstoen, datt d'Ministere François Bausch a Félix Braz probéiert hätten d'Diskussioun mat engem oppene Bréif ze berouegen, sou de President vun der Chamber-Justizkommissioun. Et wier disproportionéiert fir eng Onrou ze schafen, déi suggeréiere géif, datt een zu Lëtzebuerg an engem Iwwerwaachungsstaat géif liewen. Op d'Nofro, wien dat da gemaach hätt, ass de Charel Margue net konkret agaangen, d'Press hätt an hirer Berichterstattung awer hir legitim Roll gespillt. Speziell op de soziale Medien hätt hien eng "gewëssen Opwigelung" kënne feststellen, sou de Charel Margue.

Muss déi juristesch Basis nogebessert ginn?

De President vun der Justizkommissioun an der Chamber seet, et wier nach net kloer, op d'Gesetzer musse geännert ginn, fir datt d'Datebanke bei Police a Justiz juristesch ofgeséchert sinn. Eng zentral Fro, déi muss gereegelt gi wier, wéini Police a Justiz Informatioune musse läschen, esou de gréngen Deputéierten.

"Gëtt eng Informatioun, déi iwwer Iech oder mech besteet, well mir ugehale gi sinn, well mir eng komme gelooss hunn - gëtt déi Informatioun no dräi oder fënnef Joer archivéiert, oder gëtt se geläscht? Déi Froe si fir de Moment am Gaange gereegelt ze ginn. D'Police an d'CNPD schaffen dorunner, an den Enjeu ass am Moment, op et duer geet, wa si sech eens ginn, oder op mir gesetzlech mussen nobesseren."

"Keen operluechte Justizexpert méi an der Fraktioun"

Schonn iwwer zwee Méint gëtt kontrovers iwwer d'Datebanken bei Police a Justiz diskutéiert. Trotzdem ass weider onkloer, op et déi néideg juristesch Grondlag fir dës Datebanken gëtt. Hie kéint dat net ofschléissend klären. Als President vun der Kommissioun wier hie keen Justiz-Expert, mee hie wier nach am Gaangen ze "léieren", sou de gréngen Deputéierten.

Hie géif awer net bedaueren, datt hien de Posten iwwerholl huet. No de leschte Chamberwahle wieren d'Poste verdeelt ginn. Eigentlech wier och geplangt gewiescht, datt d'Sam Tanson weider Presidentin vun der Justizkommissioun sollt bleiwen, no hirer Nominatioun an d'Regierung hätt der grénger Fraktioun awer "keen operluechte Justizexpert" méi zur Verfügung gestanen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun Datebank maxxyustas
Datebanke bei Justiz a Police

D'Oppositiounsparteie sinn enttäuscht iwwer d'Äntwerte vun der CNPD. D'LSAP hält Nobesserunge vun der gesetzlecher Basis fir néideg. Fir d'CSV ass net d'Gesetz problematesch, mee d'Benotze vun de Fichieren an der Praxis.

Jean-Claude Franck Kommentar
Fichier Central

Et gouf vill Polemik iwwer eng Datebank vun der Police. D'Manéier, wéi d'ëffentlech Debatt mat ville Spekulatioune geféiert gëtt, bréngt dem Dateschutz an der Privatsphär wéineg, mengt de Jean-Claude Franck.

Gilles Roth, Charles Margue, François Benoy, Félix Braz
Fichier Central

Bei de Froe ronderëm d'Datebanke vu Police a Parquet verlaangt d'Oppositioun Opklärung. D'Ministere François Bausch a Félix Braz verspriechen Transparenz. Nach sinn net all Froe beäntwert.

François Bausch
Fichier Central

De Fichier central vun der Police huet eng legal Basis, seet de Policeminister François Bausch. Hien hätt d'IGP an d'Dateschutzkommissioun gefrot fir z'analyséieren, "ob mir näischt iwwersinn hunn".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen