Finanziell Transparenz Polemik ëm Registre des bénéficiaires effectifs

Eent vun den éischte Gesetzer, dat déi nei Chamber stëmme soll, suergt schonn direkt fir vill Diskussiounen. Et geet zum Deel ëm den Inhalt vum Text, zum Deel awer och ëm d'Aart a Weis, wéi en elo relativ kuerzfristeg am Parlament soll zum Vott gestallt ginn. Wann alles geet wéi geplangt, da sollen d'Deputéiert en Dënschdeg (d'nächst Woch) hiren Accord dofir ginn, datt e Regëster geschafe gëtt, an deem d'Bénéficiaires effectifs vun alle Kierperschaften opgelëscht a fir jiddwereen zougänglech gemaach ginn.

Maurice Molitor / cz

Suen
Foto: Bigstock / svershinsky

Och an der Chamber ginn et ongeschriwwe Gesetzer. Eent dovu seet, datt eng Kommissiounssëtzung net méi wéi 90 Minutten dauert. Wann also déi alleréischt Reunioun vun der neier Justizkommissioun eréischt no 150 Minutten op en Enn geet - an dat nach nëmmen nodeems ofgemaach ass, sech e puer Stonnen drop schonn erëm ze gesinn - dann ass dat e kloren Indice: et gëtt e Problem.

An dee Problem ass de Projet de loi mat der Nummer 7217 iwwer d'Schafe vun engem Registre des bénéficiaires effectifs, deen dréngend muss ëmgesat ginn, seet d'Majoritéit. Et géif eng Urgence op zwee Pläng bestoen, seet de Rapporter Franz Fayot (LSAP). "Deen ee Plang ass, datt mir e Recours hu virun der Cour de Justice. D'Kommissioun huet e Recours gemaach géint Lëtzebuerg. Do riskéiere mir eng Geldstrof vu 600.000 Euro, wa mir dee Projet hei net ganz ëmsetzen. An deen zweete Volet - dee vill méi wichteg ass - dat ass eng Fro vu Reputatioun."

Gemengt ass d'Reputatioun vun der Finanzplaz: Lëtzebuerg huet Interêt dorun, bei neien Transparenz-Reegelen zu deenen Éischten ze gehéieren, déi se aféieren, fir all Blanchiment-Verdacht de Wand aus de Segelen ze huelen.

Laurent Mosar: "Vill negativ Repercussiounen"

De Gesetzesprojet ëm deen et hei geet, gouf schonn am Dezember 2017 deposéiert, 21 verschidden Avisen leie vir, mee d'Chamberkommissioun huet sech bis gëschter keng eenzeg Kéier domat beschäftegt. Hie géif et onverantwortlech fannen, datt déi viregt Regierung "während engem Joer näischt, awer guer näischt, an deem Dossier foutéiert huet, an dat doten eng Woch viru Chrëschtdag nach schnell wëllt duerchboxen - mat ganz villen negative Repercussioune fir vill Bierger an eisem Land", seet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

Negativ Konsequenze fir Asblen a Veräiner

Mat deene "ganz villen negative Repercussiounen" ass virun allem déi Dispositioun aus der Direktiv gemengt, déi seet, datt net just Entreprisen, mee och Asblen (also Veräiner), deem Regëster an Zukunft hir "effektiv Beneficiairen" musse matdeelen. Dat sinn an deem Fall d'Comités-Memberen, och wann déi als Benevoller kee Sou kréien. Hannergrond vun där Bestëmmung wier d'Tatsaach, datt non-profit Organisatiounen och alt emol fir kriminell Zwecker mëssbraucht ginn, erkläert de Franz Fayot.

"Et ass net esou, datt dat e Secteur ass, deen net vulnerabel ass fir kriminell Suen, fir de Blanchiment. Plutôt au contraire: de Constat ass gemaach ginn, an anere Länner oder iwwerhaapt an deem Beräich, datt déi Sue sech hir Weeër sichen an och deemno wéi iwwer Veräiner an Asblen."

Mat Kanounen op Spatze geschoss?

D'Oppositioun stellt awer d'Fro, ob do net mat Kanounen op Spatze geschoss gëtt., esou den ADR Deputéierte Roy Reding. Hie stellt d'Fro, ob de Staat sämtlech Veräiner zu Lëtzebuerg wëllt strofen a "futti maachen, well e puer Krimineller eventuell kéinten ënner dem Deckmantel vun enger Asbl Geldwäscherei bedreiwen".

De Laurent Mosar gesäit dat ähnlech. An hien ass der Meenung, datt Europa sech mat esou Reegele selwer keen Déngscht leescht. Hie géif och de Verdross vun de Leit verstoen, déi "ëmmer méi traureg iwwer Europa ginn". Mat esou Direktiven, déi Veräiner a Benevoller géife forcéiere fir all méiglech Paperassen ze deposéieren, géif ee sech net populär maachen. Dat ëmsou méi, well grouss international Offshore Strukturen - do wou de Risiko vu Blanchiment reell wär - guer net an der Direktiv virkommen, sou den CSV Deputéierten.

Den Donneschdeg de Moien ass zwou an eng hallef Stonne laang an der Justiz-Commissioun iwwer de Projet diskutéiert ginn, gëschter Mëtteg nach eemol annerhallef Stonn - du gouf de Rapport ugeholl (d'CSV huet sech enthalen). D'Gesetz kann deemno elo wéi geplangt en Dënschdeg am Plenum diskutéiert a gestëmmt ginn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Lobbyismus
Lobbyismus an der EU

Zu Bréissel si ronn 25.000 Lobbyisten aktiv. Hiren Asaz soll méi transparent ginn. Allerdéngs ass d'Iddi vun engem obligatoresche Register vu Lobbyisten ëmstridden. Och am Europaparlament.

Valerija Berdi Kommentar
Chronik

Lëtzebuerg geet dëst Joer mat 57 Lëtzebuerger Publikatiounen op d'Frankfurter Buchmesse. De Kulturministère huet sech fir d'Realisatioun agesat, zu senge Konditiounen. Wéi souverän war de Virgank vum Choix?

Parsifal
80. Gebuertsdag

De Kënschtler Georg Baselitz ass kee Richard-Wagner-Fan. Iwwermuer feiert de Moler säin Debut un der "Bayerischen Staatsoper": an zwar mat engem Bühnebild fir "Parsifal" vum Richard Wagner.

Servais-Präis fir den Nico Helminger
Servais-Präis fir den Nico Helminger

Fir de Roman "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge" gouf den Nico Helminger fir déi zweete Kéier mam Servais Präis ausgezeechent. D'Leit géife sech net méi genuch Zäit huele fir ze liesen, seet den Auteur.

Martin Selmayr, Jean-Claude Juncker
Auslandschronik

De Martin Selmayr, fréiere Chef de Cabinet vum Jean-Claude Juncker, gouf rezent Generalsekretär an der EU-Kommissioun. Wéi den däitsche Jurist zu dem neie Poste koum, geheit Froen op, mengt d'Danièle Weber.

EU-Sommet um 23.02.2018
Europäesche Rot

D'EU-Staats- a Regierungscheffe wëlle weider bestëmmen, wie Chef vun der Kommissioun gëtt. De Sträit mam EU-Parlament ass domadder virprogramméiert. Um Message un de Wieler, muss nach geschafft ginn.

Jean-Claude Juncker am Europaparlament
Europawahlen

D'Iddi vum Spëtzekandidat bei den Europawahle soll bäibehale ginn, fënnt d'EU-Kommissioun. Allerdéngs ass hir Positioun net ganz eendeiteg. De Wieler riskéiert, den Iwwerbléck ze verléieren.

Marc Hansen
Recteur Uni Lëtzebuerg

Den Héichschoulminister Marc Hansen geet dovun aus, datt de Stéphane Pallage dee Beschten ass, fir d'Rektorat vun der Uni Lëtzebuerg z'iwwerhuelen. De belschen Ekonomist ass awer net onëmstridden.

Stéphane Pallage
Uni Lëtzebuerg

De Regierungsrot huet de belschen Economist als Recteur genannt, op Propose vum Conseil de Gouvernance. Och de Conseil Universitaire hat der Nominatioun an engem consultativen Avis zougestëmmt.

Uni Lëtzebuerg Exklusiv
Uni Lëtzebuerg

D'Uni Lëtzebuerg hätt mam Ekonomist Stéphane Pallage bannent kuerzer Zäit ee Successeur fir de Rainer Klump fonnt, deen am Mee zréckgetruede war. Dat an der Suite vun administrativen a budgetären Turbulenzen.

Félix Braz
Justizreform

E "Conseil national de la justice" soll d'Justiz stäerken. D'Modalitéiten an de Fonctionnement sinn nach onkloer. D’Justiz misst fir d'Bierger méi verständlech ginn, seet de Justizminister Félix Braz.

Yuriko Backes
Europa

Déi nei Chef-Vetriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, Yuriko Backes, wëllt oppen an "ouni Tabu" iwwer Europa schwätzen. Och mat Europaskeptiker. Einfach wier dat de Moment awer net ëmmer.

Robert Biever3.JPG
Robert Biever

Fir datt d'Justiz effizient funktionéiert, misst dem fréiere Procureur général d'état no, "relativ massiv" rekrutéiert ginn.

EU Kommissioun
Panama Papers

No de Revelatiounen vu Panama Papers schléit d'EU-Kommissioun vir, grouss Entreprisë misste méi Informatiounen iwwer hir Geschäfter an Europa publizéieren. Kritiker geet dat net wäit genuch. 

Felix Braz Riicht Eraus
Félix Braz am Gespréich

"Nee" zu engem Verbuet vun der Burka, "jo" zu méi Zesummenaarbecht vun den europäesche Geheimdéngschter – dat seet de Justizminister Félix Braz no den Attentater vu Paräis. Anert d'Thema: d'Nationalitéitegesetz.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen