Geheimdéngscht "'Administrative Feeler' ass d'Onwuert vum Joer"

Amplaz no der Fuite am Geheimdéngscht ze sichen, misst ee sech mat der illegaler SREL-Ecoute selwer beschäftegen, mengt den Affekot Pol Urbany. Et wier "oséiert" dës penal Infraktioun erofzespillen.

Pia Oppel

Pol Urbany

De Pol Urbany ass den Affekot vun engem fréiere Geheimdéngschtmataarbechter, deen an d'SREL-Affär vun 2013 verwéckelt war, an dee riskéiert dowéinst viru Geriicht ze kommen.

Den Affekot gesäit och eng gewëss Parallel tëscht deemools an haut:

"Mir hate virun e puer Joer ee Geheimdéngschtskandal, wou elo Agente poursuivéiert gi fir illegal Ecouten. Et muss een also oppassen, datt een elo net 'deux poids, deux mesures' fiert, déi eng verfollegt a bei deenen aneren duerch d'Fangere kuckt. Firwat? Well mir een neie Service hunn, well mir een neien Direkter hunn, well mir een neie Premier hunn. Ech mengen net, datt dat dee richtege Wee ass. Déi heite Saach misst opgekläert ginn."

Parallellen tëscht zwou Affären

A béide Fäll hätte SREL-Direktioun, Staatsministère a Kontrollkommissioun d'Justiz net iwwert eng penal Infraktioun vum Geheimdéngscht informéiert. Den Artikel 23 vum Code de Procédure Pénal géif awer virschreiwen, datt all Staatsbeamten an all "autorité constituée", déi vun enger Infraktioun gewuer gëtt, direkt de Parquet dorobber hiweist.

"Wéi ass et méiglech, datt si sech einfach net un déi einfach Regel halen, fir de Parquet direkt z'informéieren, soubal se sou eppes feststellen. An ech fannen dat ass derwäert vun enger Enquêtëkommissioun an der Chamber ënnersicht ze ginn, vu datt et eng politesch Questioun iwwert déi strofrechtlech eraus bleift."

Administrative Feeler?

Nodeems d'Tageblatt déi illegal SREL-Ecoute den 18. Mäerz bekannt gemaach huet, hunn de Staatsministère an d'Chamberkontrollkommissioun betount, et wier hei ëm ee reng "administrative Feeler" gaangen. De Feeler wier ouni Intentioun geschitt, wéi d'Verlängerung vun der Autorisatioun fir eng Ecoute bei der Justiz hätt sollen ugefrot ginn.

Vun där Erkläerung hält de Pol Urbany näischt:

"Dat Wuert 'administrative Feeler' musse mir klasséieren als 'Unwort des Jahres'. Mir hu ganz kloer eng illegal Ecoute, déi gemaach ginn ass. Do stinn aacht Deeg bis ee Joer Prisong drop, a bis zu 125.000 Euro Geldstrof. Mir hunn also manifestement mat enger Violatioun vum Strofgesetz ze dinn. Dat als 'faute administrative' hinzestellen ass ee bëssen oséiert".


De ganzen Interview mam Affekot:

Pol Urbany

Méi zum Thema

Gast Gibéryen.JPG Exklusiv
Geheimdéngscht

De Parquet enquêtéiert, well d'Informatioun iwwer eng illegal SREL-Ecoute public ginn ass. An d'Chamberkontrollkommissioun wëll vum Gast Gibéryen (ADR) wëssen, firwat hie fréi vun der Ecoute wousst.

Justiz
Geheimdéngscht

An der Affär ëm eng illegal Ecoute beim Geheimdéngscht huet sech d'Justiz elo ageschalt. Regierung, SREL-Direktioun a Chamber-Kontrollkommissioun wollten de Fait net denoncéieren.

Telefonsecoute.jpg
Geheimdéngscht

De Geheimdéngscht huet eng Persoun méi laang wéi autoriséiert ofgelauschtert. D'Regierung, d'SREL-Direktioun an d'Kontrollkommissioun hunn d'Justiz net saiséiert. D'Oppositioun kritiséiert dat.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen