FEDIL-Direkter "Planungssécherheet extrem wichteg fir d'Betriber"
Déi nei Technologië bréngen nei Chancë fir eng positiv Gestaltung vun der Industrie, seet de FEDIL-Direkter René Winkin. D'Regierung soll fir Planungssécherheet fir d'Betriber suergen a fir eng sachlech Debatt ronderëm nei Industrie-Betriber.
D'Industrie géif fir eng equilibréiert Zukunft fir déi Beschäftegt a fir d'Ekonomie suergen. Alles op Bréifkëschten, Fiskalitéit an op d'Nischen am Finanzsecteur ze setzen, wier geféierlech, fënnt den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL, de René Winkin.
Google: Réckschlag oder riseg Opportunitéit?
Wann d'US-Entreprise Google een neien Datenzenter um Rouscht géif bauen, da wier dat e wichtegt Signal fir de Lëtzebuerger Standuert vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Vun der Envergure hätt dat internationaalt Gewiicht an et wier eng weider Referenz, huet de René Winkin ënnerstrach. Eng Realiséierung vum Projet vu Google géif awer och vill weider Opträg fir Entreprisen hei am Land bedeiten.
Wann näischt aus dem Google-Projet zu Lëtzebuerg géing ginn, da wier dat dem FEDIL-Direkter no zwar keng Katastrophe. Mee et wier ee Réckschlag, wann dës "riseg Opportunitéit" misst fale gelooss ginn.
Konkret Informatioune wou den Dossier Google de Moment drun ass, hätt d'FEDIL net, esou de René Winkin.
Nei Industrie-Betriber: FEDIL fir sachlech Debatt
Wat déi méiglech nei Betriber fir Steewoll zu Suessem a fir Jughurt zu Beetebuerg ugeet, wonnert de FEDIL-Direkter sech, datt d'Diskussiounen doriwwer op nationalem politeschem Niveau gefouert ginn. Méiglech Erklärungen dofir wieren de Kontext vun der Wuesstems-Debatt an den Zäitpunkt e puer Méint virun de Chamberwahlen. De René Winkin huet vun engem "nationale Schlagabtausch" geschwat. Dat géif hien e bësse wonneren.
Bei den Thematiken, déi d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (Déi Gréng) opwerft, wier si awer an hirer Roll, seet de FEDIL-Direkter.
Déi ënnerschiddlech Meenungen an der Regierung zu dësem Thema wieren net problematesch "wa mir bei der Saach bleiwen", esou de René Winkin. Net gutt wier et, wann d'Regierung sech Gedanke géif maachen, wat e Betrib produzéiert a wou säi Marché ass. Wann dat géif ufänke Critèren ze ginn, ob e Betrib zougelooss gëtt oder net, da géifen och déi bestoend Betriber hei zu Lëtzebuerg soen "wat leeft elo". Fir d'Entreprisë wier et extrem wichteg, fir Planungssécherheet ze hunn.
ArcelorMittal Diddeleng: Suite vun den Aktivitéiten no méiglechem Verkaf?
Wann ArcelorMittal Diddeleng misst verkaaft ginn, dann hätt all Mënsch Interesse drun, datt d'Aktivitéit weider geet. Wann d'Flaachstol-Wierk zu Diddeleng géif iwwerholl an zougemaach ginn, da géif d'Zil vun der EU-Kommissioun fir fir Konkurrenz um Marché ze suergen, net erreecht ginn, huet de René Winkin erkläert.
Hien huet sech zouversiichtlech gewisen, datt d'Aktivitéit zu Diddeleng bestoe bleift. De FEDIL-Direkter versteet awer, datt Politik a Gewerkschaften dëse Sujet opgegraff hunn, ë.a. wéinst der grousser Traditioun vu Sozial-Dialog hei am Land.
ArcelorMittal Diddeleng steet op enger Lëscht vu Stol-Wierker, déi wéinst den EU-Konkurrenz-Reegelen eventuell musse verhaft ginn, fir datt de Lëtzebuerger Grupp ArcelorMittal d'Wierk ILVA a Süd-Italien ka kafen.
FEDIL: 100 Joer a bal 600 Memberen
D'FEDIL vertrëtt d'Interesse vu bal 600 Betriber: d'Federatioun déi dëst Joer 100 Joer feiert, beschreift sech selwer als "The Voice of Luxembourg's Industry". De René Winkin ass zanter 2015 Direkter vun der Industrielle-Federatioun. Fir d'FEDIL schafft hie schonn zanter 1991.