Däitschland Plagiat-Affär ëm d'Annalena Baerbock

Déi däitsch Gréng hunn hiren nächste Skandal. Der Kanzlerkandidatin Annalena Baerbock gëtt reprochéiert, an engem Buch plagiéiert ze hunn. Virun e puer Wochen eréischt war erauskomm, datt si an hirem CV Verännerunge virgeholl hat. Dës Kéier reagéiert d'Bündnis90/Die Grünen aggressiv - a kritiséiert och d'Roll vun de Medien.

Matthias Kirsch (München) / cbi

Annalena Baerbock
Der Annalena Baerbock gëtt Plagiat virgeheit. Foto: picture alliance/dpa | Fabian Sommer

Ugefaangen huet d'Opreegung an de soziale Medien, wéi sou dacks. "Plagiatsvirworf géint d'Buch vun der Annalena Baerbock" ass den dréchenen Titel vun engem Blog-Artikel, verëffentlecht vun engem éisträichesche Plagiats-Jeeër. Doran gëtt unhand vun enger Dosen Textstellen duergeluecht, datt déi gréng Kanzlerkandidatin an hirem Buch mam Titel "Jetzt. Wie wir unser Land erneuern" bei aneren Auteure soll ofgeschriwwen hunn.

Innerhalb vu kierzester Zäit huet sech den Artikel gedeelt. Honnerte Retweets bei Twitter, dausende Likes bei Facebook a Co. - D'Medien hunn ugefaangen driwwer ze schreiwen, och an der Tagesschau-Sendung, déi an der Hallschent vun engem Match vun der Futtball-Europameeschterschaft gelaf ass, war d'Nouvelle grouss derbäi.

Déi Gréng ginn an d'Offensiv

Zum Ierger vun den däitsche Gréngen an hirer Kanzlerkandidatin. Si si sech nämlech ganz sécher: d'Reprochë stëmmen net, et gouf net plagiéiert, bei der Form vum Buch - éischter e Manifest wéi e Sachbuch - wiere keng Foussnotten oder Änleches néideg gewiescht. Si hätt unhand vu Fakten d'Welt beschriwwe wéi se wier, sot d'Annalena Baerbock bei enger Podiumsdiskussioun vum Magasinn "Brigitte" dozou.

Trotz dëser Erklärung: d'Opreegung war grouss. Mee eben net just bei de Baerbock-Kritiker, och bei de Grénge selwer. Ongewinnt hefteg ass d'Partei an d'Offensiv gaangen. Huet vun enger Rufmord-Campagne géint hir Kandidatin geschwat, e prominente Medienaffekot ageschalt. An eben och ugefaangen, d'Medie selwer hefteg dofir ze kritiséieren, datt se d'Theema iwwerhaapt opgegraff hätten.

Zenter datt d'Reprochen an der Ëffentlechkeet sinn, gëtt an Däitschland doriwwer diskutéiert, wat dann elo iwwerhaapt Plagiat wier a wat net. Déi meescht Experte si sech eens: eng wierklech Verletzung vun den Auteursrechter géif net virleien. Souguer den éisträichesche Wëssenschaftler, deen d'Reprochë verëffentlecht huet, sot am Gespréich mam Spiegel, d'Textstellen, ëm déi et géif goen, wieren "näischt Weltbeweegendes". D'Buch misst senger Meenung no och net aus dem Handel geholl ginn.

D'Medien- a Politlandschaft ass ugespaant

Och déi Gréng hu mëttlerweil e Gang eropgeschalt. Eng Plainte wëllen se net maachen, de bekannten Affekot ass op eemol just nach Beroder. Mee d'Affär wéist, wéi ugespaant déi däitsch Medien- a Politlandschaft ass, wann et ëm déi Gréng geet. Datt den SPD-Kandidat Olaf Scholz an de Wirecard-Skandal verwéckelt ass oder den CDU-Mann Armin Laschet a sengem CV och Ännerunge virgeholl huet, suergt fir däitlech manner Opreegung.

Fakt ass: Am däitsche Bundestagswalkampf geet et bis elo wéineg ëm Inhalter. Déi Gréng soen zwar ëmmer, dat misst geschéien - mee hir Reaktioun op des rezentst Affär wéist, datt och si et net packen, d'Debatt an eng aner Richtung ze lenken.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

De Robert Habeck an d'Annalena Baerbock Kommentar
Däitschland

Op hirem Bundesparteidag hunn déi däitsch Gréng sech beim Theema Defense nei positionéiert. Eng Decisioun, déi virum Hannergrond vum méigleche Regéiere getraff gouf, mengt de Matthias Kirsch.

Annalena Baerbock
Däitschland

D'Kanzlerkandidatin vum Bündnis90/Die Grünen, d'Annalena Baerbock, hat hiren CV jorelaang e bësse méi schéin duergestallt wéi d'Realitéit. Wat bedeit dat fir hir Chancë bei der Bundestagswal?

Annalena Baerbock
Däitschland

Déi gréng Kanzlerkandidatin Annalena Baerbock huet Nieweverdéngschter ze spéit deklaréiert an geréit dofir elo an d'Kritik. Keng gutt Ausgangspositioun fir e Walkampf an deem si op Transparenz a Moralitéit setzt.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen