Et géing haut eng kloer Tendenz ginn, datt d'Leit hire Räichtum wéilten deelen, fënnt d'Tonika Hirdman, Generaldirektesch vun der Fondation de Luxembourg. Ëmmer méi jonk Donateure wéilten net just hir Sue ginn, mä sech och selwer direkt implizéieren.
Anescht wéi bei enger ONG kéint den Donateur bei der Fondatioun genee decidéieren, wou d'Suen hi ginn an de Suivi wär op laang Zäit garantéiert. Associatiounen ouni staatlechen Agreement kënnen iwwert dee Wee ënnerstëtzt ginn an den Donateur ka gläichzäiteg vu fiskalen Avantagë profitéieren.
E fiskaalt a liberaalt Instrument
"Iwwert eng Fondatioun kënne bis zu 20 Prozent vu sengem Revenu fir den Don steierlech ofgesat ginn."
Der Generaldirektesch vun der Fondation de Luxembourg no géing d'Philanthropie zu enger liberaler Gesellschaft gehéieren a kéint en Instrument sinn, fir Lächer ze stoppen. Virun allem a Beräicher, an deenen de Staat sech aus verschiddenen Ursaachen desinvestéiert hätt.
D'Finanzplaz an de politesch stabele Lëtzebuerger Kontext géing privat Donateuren unzéien. D'Fondation de Luxembourg wär ganz transparent geréiert. De Montant an d'Nimm vun den Donateuren géingen aus Diskretiounsgrënn awer net ëffentlech gemaach ginn.
"D'Philanthropie ass méi iwwerluecht a strategesch wéi d'Charitéit."
D'Charitéit wär eng Aktioun, déi op eng méi emotional Experienz vum Moment baséier wär, esou d'Tonika Hirdman. D'Philanthropie géing do méi wäit goen.