Chamberkommissioun Petitioun fuerdert d'Recht fir illimitéiert mat Boergeld bezuelen ze kënnen

Dat fundamentaalt Recht illimitéiert mat Boergeld ze bezuele soll an d'Verfassung stoe kommen. Dat fuerdert eng nei Petitioun déi an der Chamber debattéiert ginn ass. D'Finanzministesch an déi zoustännneg Chamberkommissiounen ware sech eens, datt et weiderhi soll méiglech sinn fir mat Buergeld kënnen ze bezuelen.

Marlène Clement / ll

Boergeld
Foto: Bigstock

Lauschteren


Eng Verankerung an der Verfassung wier awer net de richtege Wee. Et wier och guer net méiglech, well d'Zirkulatioun vu Boergeld géing iwwer en europäescht Reegelwierk lafen dat iwwer eiser Verfassung géing stoen.

Blanchiment vu Gelder bekämpfen

Den André Bauler, President vun der Finanzkommissioun, argumentéiert, datt et do drëm geet de Blanchiment vu Gelder ze vermeiden an och ze bekämpfen. D'Aufgab vum Reegelwierk wier et fir ze evitéieren, datt de Finanzement vum Terrorismus Iwwerhand kéint huelen.

D'Deputéiert hu sech och schwéier gedoe mat der Iddi vun der Petitioun, fir illimitéiert kënne mat Boergeld ze bezuelen. Do géing sech d'Fro vun der Traçabilitéit stellen, gëtt den André Bauler ze bedenken. Den Auteur vun der Petitioun, Gorge Manuel Dos Santos Simoes, mengt allerdéngs, datt et net onwichteg wier vu wou d'Geld géif kommen.

"C'est dans le sens où l'on sait d'où l'argent il vient, ou si quelqu'un a des économies. Et que ce sont des montants raisonnables et pas des montants astronomiques."

Wéi genee d'Modailitéite solle sinn, dorop hat de Petitionär de Moie keng konkret Äntwert. Mat senger Petitioun wéilt hie just sécher goen, dass d 'Biergerinnen a Bierger zu Lëtzebuerg d'Recht behalen géingen iwwerall mat Boergeld kënnen ze bezuelen. Hien hätt sech un eng ähnlecher Petitioun, déi den Ament an Éisträich géif lafen, inspiréiert. D'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Arendt huet nom ëffentlechen Debat an der Chamber verséchert datt d'Finanzministesch Yuriko Backes dem Uleies vun der Petitioun géing nogoen. Si hätt den Optrag fir de Message erauszeginn.

Keng Gefor beim Bezuelen mam Boergeld

Si hätt den Optrag fir de Message erauszeginn, datt d'Bezuele mam Boergeld net a Gefor wier an et an Zukunft weiderhin an Europa méiglech wier, sou d'Finanzminiserin. Et misste kloer Reegele ginn, datt et net op eng illimitéiert Aart a Weis kéint geschéien.

D'Zirkulatioun vum Boergeld wier zu Lëtzebuerg gutt reglementéiert, mee d'Leit dobausse misste besser driwwer informéiert ginn, esou nach d'Konklusioun vun der Presidentin vun der Petitiounskommissioun, Nancy Arendt.

Méi zum Thema

ULC
Konsumenteschutz

D'ULC begréisst de rezenten Tripartite-Accord. D'Upassung vun der Steiertabelle ass ee wichtege Schrëtt an d'Steierpolitik misst nach fir méi Gerechtegkeet suergen. Hir Fuerderunge fir goufe virun der Presse presentéiert.

Euro Suen
Europa Aktuell

De Conseil vun der Europäescher Zentralbank soll e Mëttwoch eng Decisioun huelen, ob de Projet vum digitalen Euro an eng nächst Phas geschéckt gëtt. Mee wat ass deen digitalen Euro? Firwat gëtt doriwwer nogeduecht? A wéi soll e funktionéieren?

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen