Decouverte "Petite Marquise": Iechternacher Bauprojet muss geännert ginn

Den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler fuedert, datt de Staat d'Mise en Valeur vun enger archeologescher Decouverte am Zentrum vu senger Stad iwwerhëlt. Viru Kuerzem ass am Zentrum vun Iechternach e Gemaier fonnt ginn, dat wahrscheinlech op d'Zäit vum hellege Willibrord am fréie Mëttelalter zréck geet.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Yves Wengler
Den Yves Wengler ass Iechternacher CSV-Buergermeeschter.

De Buergermeeschter seet seng Gemeng hätt net déi finanziell Moyen fir de Site ze aménagéieren. Och eventuell Subside vum Kulturministère géifen näischt dorun änneren.

"Substanziell Subside kréien, heescht datt mir Bauhär wären. An et ass genau dat, wou ech meng Mokrämp domatt hunn. Et ass net datt ech d'Responsabilitéit well ofginn, mee ech well de finanziellen Impakt ofginn."

Dem Yves Wengler wier et léiwer, wann de Staat Bauhär wier "vu datt et jo eng national an international Wichtegkeet huet".

Dem Iechternacher Buergermeeschter no wier d'Decouverte och näischt "reng Kommunales" an dofir missten, senger Meenung no, national an international Acteure prett sinn fir déi néideg finanziell Moyenen ze stellen, fir d'Decouverte a Valeur ze setzen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Schwämm
Gemengewahlen

Eng Schwämm bedeit fir eng Gemeng e grousse finanziellen Asaz. Meeschtens ass déi eenzeg Méiglechkeet eng Kooperatioun anzegoen. Zesumme mat der Südeifel soll zu Iechternach eng nei Schwämm entstoen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen