Saint Paul Personalkris beim Wort

Beim Lëtzebuerger Wort rumouert et weider. D'Personalkris bei Saint Paul kéint nëmmen duerch en Direktiounswiessel an e Wiessel vun der Chefredaktioun gestoppt ginn seet de Guy Pelletier, President vun der Personaldelegatioun. Nieft de 70 Entloossungen hunn opmannst eng Dose Leit d'Lëtzebuerger Wort eisen Informatiounen no an de leschte Woche fräiwëlleg verlooss. Dovunner eng Majoritéit Journalisten.

Maxi Pesch / cz

Luxemburger Wort

De Bäitrag lauschteren


D'Majoritéit vum Personal hätt kee Vertraue méi an d'Direktioun esou de Guy Pelletier, President vun der Personaldelegatioun bei Saint Paul.

"Well se einfach de Journalismus net am Blutt hunn, se hu keng Wäitsiicht, an den Input deen héchstwarscheinlech och positiv ass vum neie Proprietär, net d'Capacitéiten hunn fir dat ëmzesetzen."

Och den LCGB gesäit d'Zukunft vum Lëtzebuerger Wort éischter negativ. Et géife keng Perspektive ginn, seet d'Celine Conter. Si géif sech nach "déi eng oder aner Schwieregkeet" erwaarden. D'Céline Conter bemängelt och, datt ee keng Informatioune géif kréien, wéi et d'nächst Joer ekonomesch soll viru goen. "Et gi keng Perspektiven, datt et mam Betrib soll Bierg op goen."

Onkloer wier och wéi eng Profiller déi Leit sollen ersetzen déi demissionéiert hunn. De Freideg de Mëtteg um 14 Auer ass eisen Informatiounen no eng Reunioun tëscht dem Direkter Paul Peckels an de Journaliste geplangt. Ufank Januar ass et dann eng Reunioun tëschent der Delegatioun an der Direktioun. De Paul Peckels wollt op Nofro hin net op d'Aussoe vun der Delegatioun reagéieren.

Méi zum Thema

Luxemburger Wort Exklusiv
Lëtzebuerger Wort

Mouvementéiert Zäiten an der gréisster Dageszeitung: Sechs Wochen nodeems eng 70 Mataarbechter beim Grupp Saint-Paul entlooss goufen, demissionéieren déi zwee Adjointë vun der Chefredaktioun.

Luxemburger Wort
Lëtzebuerger Presselandschaft

Beim Mediegroup Saint-Paul géifen 71 Leit entlooss, dat krute mer vum Paul Peckels, Generaldirekter vu Saint-Paul Lëtzebuerg confirméiert. D'Bréiwer un déi betraffe Mataarbechter géifen haut erausgoen.

LCGB Protest-Piquet Luxemburger Wort.
Sozialkonflikt

Wéinst dem ugekënnegten neie Sozialplang beim Medie-Grupp Saint-Paul hat den LCGB de Moien e Protestpiquet virum Siège zu Gaasperech organiséiert. Et géif ëm d'Iwwerliewe vum Wort goen.

Luxemburger Wort
Lëtzebuerger Presselandschaft

Beim Grupp Saint-Paul gëtt et ee Sozialkonflikt. Well am Juli eng garantéiert Primm net ausbezuelt gouf, ass d'Gewerkschaft LCGB elo mat der Direktioun op der Schlichtung.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen