D'Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin kritt en neien Direkter. De Guy Schmit trëtt vun dem Posten zréck. Déi Informatioun huet hien eis op Nofro hi confirméiert.
Wien de Guy Schmit un der Spëtzt vun der groussherzoglecher Fondatioun ersetzt, ass nach net gewosst. De fréieren Direkter hätt en neie Projet fonnt, heescht et vu Säite vun der Fondatioun. Wouhinner hie wiesselt, wëll de Guy Schmit nach net verroden.
D'Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse huet ënnert anerem d'Missioun, fir Mënschen an Nout ze hëllefen, sief dat am Grand-Duché oder am Ausland.
Zënter 2014 um Haff
Am Januar 2014 ass de Guy Schmit als Beroder fir sozial, gesellschaftlech an humanitär Affairen um groussherzoglechen Haff agestallt ginn. Deemools ass hien och als "Chargé de Direction" beoptraagt ginn, fir déi groussherzoglech Fondatioun ze leeden. Am September 2016 krut hien dunn den Titel vum "Direkter" vun der Fondatioun. Deen Ament huet hien als Beroder um Haff opgehalen.
Firwat hien den Haff elo ganz verléisst, wollt de Guy Schmit net weider kommentéieren. Hie géif seng Aarbechtsplaz a gudden Termen an no Ofsprooch mat der Grande-Duchesse verloossen, huet hie betount.
Den Haff wollt d'Informatioun net kommentéieren.
Vu Formatioun ass de Guy Schmit Sozialaarbechter a Kriminolog. Viru sengem Rekrutement um Haff huet hien ënnert anerem als Beroder an Enseignant op der Uni Lëtzebuerg geschafft.
"Personalkarussell"
An de leschte Jore gouf et heefeg Changementer beim Personal um Haff. An der Press goung vun engem "Personalkarussell" Rieds: Am September 2015 hat den deemolegen Hofmarschall Pierre Bley annoncéiert, datt hie géif demissionéieren. Kuerz drop war bekannt ginn, datt och d'Pressebeoptragten Isabelle Faber an de Verméigensverwalter Christian Billon den Haff verloossen.
Am Juni 2016 huet den neie Pressespriecher Oswald Schröder no nëmme fënnef Wochen am Amt seng Demissioun annoncéiert.