arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Personal um Haff: Oppositioun begréisst Kontroll

Cour Grand-Ducale

|
reading time

3 min

Personal um Haff: Oppositioun begréisst Kontroll

D'Oppositiounsparteie reagéiere virsiichteg, mee éischter positiv, nodeems bekannt gouf, datt d'Regierung d'Personalpolitik um groussherzoglechen Haff méi genee wëllt analyséieren.

reading time

3 min

Si wiere bis ewell net offiziell informéiert ginn, soten Oppositiounsvertrieder. Den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser fënnt et aus zwee Grënn "richteg", datt elo e Spezialbeoptraagten agesat soll ginn, fir en A op d'Personalpolitik um Haff ze halen. Éischtens géif den Haff mat Steiersuen finanzéiert ginn. Ausserdeem wier et fir déi ëffentlech Perceptioun vum Haff gutt ze kucken, op et e strukturelle Problem géif an do e bëssen ze berouegen, esou de Fernand Kartheiser.

Den David Wagner vun deene republikanesche Lénke begréisst d'Initiativ vun der Regierung, well et ëm d'Aarbechtsbedéngunge vun de Mataarbechter géif goen. Si hätt awer kënne méi séier kommen.

Och d'Fraktiounscheffin vun der CSV Martine Hansen gesäit den Asaz vum Sonnerbeoptraagten éischter positiv. Et wier awer schwéier d'Decisioun ze beuerteelen, well een als "Oppositiounspartei u sech näischt iwwer d'Interna vum Haff" wéisst. Wann d'Regierung et opportun fënnt, dem Haff mat engem Spezialbeoptraagten "ze hëllefen", da wier dat awer "an der Rei".

Regierung huet hir Meenung geännert

Dobäi huet d'Regierung selwer eng Kéier geholl. Virun dräi Joer gouf et schonn ëffentlech Kritik un de Personaldecisiounen um Haff. Deemools sot de Justizminister an haitege Vizer-Premier Félix Braz op RTL ausdrécklech, d'Regierung géif sech net wëllen an d'Personalpolitik vum Haff amëschen.

Elo huet d'Regierung e fréiere Spëtzebeamten aus dem Finanzministère als Sonnerbeoptraagten engagéiert: De Jeannot Waringo ass zanter annerhallwem Mount am Gaang d'Personalpolitik um Haff ze ënnersichen. Wéi laang seng Missioun wäert daueren, wollt de fréieren Direkter vun der Inspection générale des finances der Redaktioun net soen. Hien ënnersträicht, seng Missioun wier benevole.

Grouss Fluktuatioun beim Personal um Haff

D'Online-Plattform Reporter hat en Donneschdeg gemellt, datt de Jeannot Waringo als Sonderbeoptraagte agesat gouf, fir d'Situatioun um Haff ze analyséieren. A véier Joer hätten 30 Leit den Haff verlooss oder hätte gekënnegt kritt, esou Reporter.

Den LSAP- Fraktiounschef Alex Bodry bréngt iwwerdeems weider Kontrollmesuren an d'Spill. Op Twitter schreift hien, hie wéilt der zoustänneger Chamberkommissioun proposéieren, datt och d'Cour des comptes "d'Virgäng um Haff" ënnert d'Lupp hëlt.

play_arrow De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschteren