PAG Perquisitiounen zu Habscht

Wéinst presuméierten Irregularitéite beim neie PAG vun der Gemeng Habscht goufen et den 3. Mäerz Perquisitiounen. Dat huet d'Gemeng an engem Communiqué confirméiert. Et goufen Dokumenter an der Gemeng saiséiert. Dat huet de Justizspriecher eis confirméiert.

Isabel Scott / cbi

Exklusiv Gemeng zu Habscht
D'Gemengenhaus zu Habscht. Foto: Archiv

Donieft goufen Dokumenter beim Buergermeeschter doheem saiséiert, dat huet de Serge Hoffmann (CSV) eis confirméiert. Et géif sech ëm Dokumenter a Relatioun mam PAG handelen. Dëst wier d'Suite vun enger Plainte vun Enn 2019 vun enger Persoun, déi onzefridde mam Klassement vun hirem Terrain war, heescht et.

D'Enquête leeft den Ament géint Onbekannt a geet op eng Plainte vun Enn 2019 zréck. Wéinst dem Instruktiounsgeheimnis wëllt d'Justiz keng weider Detailer ginn.

De Gemengerot vun der Westgemeng Habscht huet den 18. Februar mat engem zweete Vott den neie Bebauungsplang (PAG) guttgeheescht. Den éischte Vott war am Juli 2019.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen