No den Iwwerschwemmungen Peegelstänn, déi nach ni virdru verzeechent goufen

D'Héichwaasser vun der leschter Woch wier ee Joerhonnert-Evenement gewiescht. Dat soten d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg an d'Cheffin vun der Hydrologie am Waasserwirtschaftsamt, Christine Bastian, haut virun der Press.

Christiane Kleer / cbi

Iwwerschwemmung zu Iechternach
Iechternach war besonnesch vun den Iwwerschwemmunge betraff

Lauschteren


Vun Ufanks der Woch un hätt een d'Lag suivéiert, seet d'Christine Bastian, och Donnéeë vu bausse koumen eran, dorënner déi vun europäesche Warnsystem EFAS. Dënschdes Nomëttes goufe Campinger a Chantiersbedreiwer, déi riskéiere betraff ze ginn, als éischt gewarnt. Update goungen iwwer inondations.lu eraus.

Warnunge goungen iwwer inondations.lu eraus

D'Kritik, datt d'Bevëlkerung net gutt informéiert gi wier, gouf op der Pressekonferenz net gëlle gelooss. Et hätt ee säi Méiglechst gemaach fir esou breet wéi méiglech ze informéieren, seet d'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt.

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg huet op déi personaliséiert Messagen higewisen, déi iwwer de spezielle Site ze kréie sinn. Leit, déi an Héichwaassergebidder wunnen, wiere gewinnt, datt een op inondations.lu eng Alert kritt.

Et war net vill Zäit ze reagéieren

Trotzdeem wier d'Situatioun déi lescht Woch exzeptionell gewiescht, an och dowéinst wieren et - trotz Warnungen - Mëttwochs Inconnue ginn, seet d'Christine Bastian. Et wier "enorm enorm vill" Waasser gefall, d'Waasser wier och immens séier geklommen, an tëschent der Phase préalerte Mëttes an der Phase alerte um 17 Auer wier net vill Zäit gewiescht fir ze reagéieren.

Op 15 Plazen am Land goufe Peegelstänn gemooss, déi virdrun nach ni verzeechent goufen. Et wier een erstaunt gewiescht iwwer d'Meteosituatioun an d'Waassermassen, déi erofgaange sinn, iwwerrascht wier een awer net ginn. Déi Responsabel vum Ëmweltministère soen awer och: d'Héichwaasser-Dispositiounen déi hei am Land hu gegraff.

Carole Dieschbourg gesäit Lien mat Klimawandel

Wat d'Ausléiser vun der Katastroph ugeet, sou gesäit d'Carole Dieschbourg ee Lien mam Klimawandel, a mat deem senge Konsequenze misste jiddweree léieren ëmzegoen: "Mir haten 2016, 2018 Starkreenevenementer, hei hu mer quasi ee Wanterhéichwaasser am Summer, extrem vill Reen, an déi Saachen heefe sech."

Nieft dem Klimawandel wier awer och d'Versigelung vun de Flächen ee Problem, deem een awer iwwer den Naturpakt wéilt entgéintwierken, sou nach d'Ëmweltministerin.

Méi zum Thema

Emile Eicher
Emile Eicher

D'Solidaritéit tëscht de Gemenge war grouss, déi di manner betraff waren hunn direkt hir Hëllef an hiert d'Material zur Verfügung gestallt. De Syvicol huet dono d'Koordinatioun iwwerholl.

IMG_3261.jpg
Iwwerschwemmungen

Ganz uerg getraff goufen an der Gemeng Rouspert-Mompech, déi zwee Campingen zu Rouspert a Bur. 90 Prozent vun de 86 Roulotten a Mobilhomen, déi zu Bur am Camping stounge si komplett zerstéiert.

Iwwerschwemmungen am Gronn
Iwwerschwemmungen

Zanter dem Ufank vun de Miessunge vum Reen ass hei am Land nach ni sou vill Néierschlag erofgaangen, heescht et vun der ASTA. Experten warnen, datt d'Unzuel vun den extrem Wiederphenomener zouhëlt.

Michel Malherbe an Yves Wengler
Hätt een d'Leit éischter kënne warnen?

Obwuel d'Leit zu Iechternach an zu Miersch deelweis hu missen mat Booter aus hiren Haiser evakuéiert ginn, sinn d'Buergermeeschter vun den zwou Gemengen der Meenung datt een d'Bierger net éischter hätt kenne warnen.

Iechternach 15.07.2021. wärend Iwwerschwemmung
Andréck vun der Plaz

No vill Reen gëtt et grousse Schued, op e puer Plazen am Land hu Leit aus hiren Haiser missten evakuéiert ginn, ënner anerem zu Iechternach.

Iwwerschwemmungen a Clausen
Iwwerschwemmungen

An de leschte Stonnen ass ongewéinlech vill Reen iwwer eisem Land gefall. Plazeweis goufen a ginn et Iwwerschwemmungen: dat virun allem laanscht d'Uelzecht. De CGDIS konnt de Moien keng Zuelen nennen, iwwer all Asätz, déi um Terrain waren.

Net verpassen

  • 23.10. Riicht eraus mam Marc Giorgetti

    RiichtEraus_MarcGiorgetti_horizontal.jpg

    Mam President vum Groupement des Entrepreneurs geet et ëm d'Wunnengskris, déi geplangte Grondsteierreform a säi professionelle Parcours als Bauentrepreneur.

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen