Versuergungsnetz Pedopsychiatrie stécht zu Lëtzebuerg "nach an de Kannerschong"

D'Pedopsychiatere wëllen, datt bei der Prise en charge vu Kanner a Jugendleche pluridisziplinär zesummegeschafft a weider Strukturen am Extra-hospitalier geschaf ginn, esou d'Dokter Raymonde Schmitz. An den nächste Woche soll der Gesondheetsministerin ee Konzept virgeluecht ginn.

Maurice Molitor (Interview) / Tessy Troes (Web)

Raymonde Schmitz
Dr. Raymonde Schmitz ass Kanner- a Jugendpsychiaterin.

Et feelt u Psychiateren hei am Land. Allgemeng - an och speziell an där Disziplin, déi sech ëm Kanner a Jugendlecher bekëmmert.

D'Dokter Raymonde Schmitz, déi selwer Pedopsychiater ass, betount, datt dee Manktem och scho viru Corona existéiert hätt. Mee e wier wéinst Corona nach méi däitlech ginn. Datt et un Nowuess feelt wier eng grouss Suerg:

"Et mussen der éischtens souwisou nokommen, well déi éischt, déi komm sinn, sinn elo geschwënn an engem Alter wou se vläicht a Pensioun ginn. An et ass jo och esou, datt dee ganze Beräich nach am Opbau ass. Also am Fong ass de Beräich vun der Kannerpsychiatrie hei zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong. A mir hu jo Hoffnung, datt nei Strukturen entstinn. An da brauche mer och Leit, déi do schaffen."

Nei Strukture fir Betreiung gefuerdert

D'Dr. Raymonde Schmitz schafft momentan mat un engem Konzept fir déi pedopsychiatresch Versuergung hei am Land ze verbesseren. Et ginn do zwou Haapt-Prioritéiten: éischtens missten d'Konditioune geschaaft ginn, fir datt bei der Prise en charge vu Kanner a Jugendleche pluridisziplinär zesummegeschafft ka ginn.

Zweetens missten, nieft de Jugendpsychiatrien an de Spideeler, och Strukturen am Extra-hospitalier geschaaft ginn, an deene jonk Patiente kënne betreit ginn:

"Déi extra-hospitalier Strukturen, déi ginn et an der Erwuessene-Psychiatrie scho laang, scho 70 Joer. An déi Centres de santé mentale, déi si säit 30 Joer do. Déi konnte sech entwéckelen, sech differenzéieren. Also do huet ee jo och schonn e Knowhow, deen ee vun do ka mathuelen. An dat feelt an der Kannerpsychiatrie."

An den nächste Woche wëllen d'Pedopsychiateren der Gesondheetsministesch hiert Konzept virleeën.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Frank Wies Meenung
Fräie Mikro

Lëtzebuerg kandidéiert fir den UNO-Mënscherechtsrot, a seet, d'Kannerrechter wieren eng Prioritéit vun dësem Land. Heiansdo ass et awer just Makulatur, fënnt de Frank Wies.

Barbara Gorges-Wagner
Joresbilan Kanner- a Jugendtelefon

D'lescht Joer hunn d'Theeme ronderëm dat psychosoziaalt Wuelbefanne vun de Jonken zougeholl, seet d'Barbara Gorges-Wagner vum Kanner- a Jugendtelefon. 2020 goufe si ronn 1.600 mol kontaktéiert.

Ariane Koenig.JPG Interview
Science for Climate

186 Wëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg solidariséiere sech an engem oppene Bréif mat de jugendleche Klimaaktiviste vu Youth for Climate Luxembourg. De Maurice Antony huet mat der Wëssenschaftlerin Ariane König doriwwer geschwat.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen