Op deene meeschte Punkten, déi de Staatsrot a sengem Avis opwerft, géif ee sécher séier eng Léisung fannen, seet den Inneminister Dan Kersch. Just un een Element wëll hien net drugoen: déi juristesch Form, déi déi geplangte Struktur vun de Rettungsdénschter mat der Reform soll kréien, den Établissement public.
De Staatsrot schreift a sengem Avis, datt duerch d'Schafe vun esou engem Etablissement public d'Gemengeautonomie kéint a Fro gestallt sinn. Den Inneminister Dan Kersch gesäit awer net an, firwat ee sollt vun der geplangter Form ofréckelen. "Schonn 2010 gouf et een Experterapport, dee ganz kloer geroden huet, een Etablissement public ze schafen. An dat huet och ënnert den Acteure praktesch jiddereen ëmmer erëm an d'Gespréich bruecht, ënner anerem vum Gemengesyndikat Syvicol", sou den Dan Kersch.
Syndicat mixte: "Ze schwéierfälleg"
De Staatsrot argumentéiert a sengem Avis, datt d'Gemengen an der neie Struktur um Enn just eng finanziell Kontributioun misste liwweren, mee datt se gläichzäiteg vill manner Matsproocherecht hätte wéi den zoustännege Minister. Proposéiert gëtt am Avis ee Sydicat mixte an deem de Staat an all d'Gemenge vertruede wieren. "Ze schwéierfälleg", uerteelt den Dan Kersch.
Et hätt een den Acteure vum Terrain eng flexibel Struktur versprach. "A ee Syndicat mixte wier eng ganz rigid Struktur, wou de President an de Vize-President misste fir dee klengsten Hummer an déi klengste Schrauf, déi géif gebraucht ginn, eenzel ënnerschreiwen", sou den LSAP-Minister.
"Kuerzfristege Rendez-vous mam Staatsrot"
Alles dat wëll den Dan Kersch den Auteure vum Avis perséinlech erklären. Um Mëttwoch huet hien zesumme mam Staatsminister Xavier Bettel ee Bréif un de Staatsrot geschriwwen, mam Zil, fir "kuerzfristeg ee Rendez-vous ze kréien". "Et geet drëm mat de Leit vum Staatsrot ze schwätzen, doriwwer wéi si zu hirer Aschätzung komm sinn, an ech wäert hinne meng Argumenter presentéieren".
Wéi déi Argumenter ausgesinn, zum Beispill a wéi wäit och een Etablissement public d'Gemengenautonomie kéint respektéieren, steet nach net am Detail fest. "Den Avis ass knapps 24 Stonnen al, Dir musst mer d'Chance ginn, all Punkt am Detail z'analyséieren", sou de Minister am 100,7-Interview. Hien hätt awer eng genee Virstellung, wou hien wéilt hin. Ganz wichteg wier awer och virun allem eppes: elo dierft keng Zäit méi verluer ginn. Dës Reform géif schonn ze vill laang op sech waarde loossen.
De Staatsrot hat a sengem Avis eng zwou Dosen "oppositions formelles" ausgeschwat. An der Regel ka kee Gesetzprojet gestëmmt ginn, wou Dispositiounen dra sinn, géint déi de Staatsrot eng formell Oppositioun ausgeschwat huet. An deem Fall kéint de Staatsrot d'Dispense vum zweete Vote refuséieren a se opfuerderen no dräi Méint nach eng Kéier ofzestëmmen.