Corona-Pandemie Paulette Lenert: "Eis Messagë sinn net iwwerall ukomm"

Datt d'Leit sech weider sollen un d'Gestes barrières halen, wier an de leschte Wochen net iwwerall ukomm, seet d'Gesondheetsministerin. Jiddwer eenzelen hätt genee esou eng grouss Responsabilitéit wéi d'Regierung.

Paulette Lenert
D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert

Déi éischt Prioritéit vun der Regierung wier elo verstäerkt ze sensibiliséieren. Fir datt dat geléngt, soll verstäerkt mat de Gemengen an de Betriber zesummegeschafft ginn. Et soll och méi op englesch an op portugisesch kommunizéiert ginn, esou d'Paulette Lenert.

Fir de Message besser eriwwer ze bréngen, wéilt een elo och mat de Betriber zesummeschaffen, seet d'Gesondheetsministerin.

"Eis Intentioun ass elo, datt mer esou breet wéi méiglech jiddwereen erreechen. Et ass einfach de Moment fir elo wierklech Alarm ze schloen. Mir hunn elo Mesurë geholl, déi net Mesurë vun engem Lockdown sinn. Dat ass eng grouss Ambitioun, well mer wierklech elo drop viséieren iwwer Sensibilisatioun ze fueren."

Et wier ee mat deenen Entreprisen a Kontakt, wou et méi Infektioune gi sinn. Do géif een dann och verstäerkt testen, esou d'Gesondheetsministerin. Eng "verstäerkt Presenz" wier et am Bausecteur ginn, mee dat wieren ëmmer just Momentopnamen, betount d'Paulette Lenert. Et misst een dat iwwer e puer Wochen evaluéieren.

D'Regierung wëllt awer net soen, a wéi engen Entreprisen dat wier, an et géif een och net d'Nimm vu Privatpersounen erausginn. "Dat ass eng Fro vun Dateschutz." D'Gesondheetsministerin wëllt och kee ganze Secteur "un de Pranger" stellen. "Dat wier net ubruecht."

Nei Restriktiounen sollen dës Woch nach gestëmmt ginn

Gëschter Owend hat d'Regierung an engem aussergewéinleche Regierungsrot nei Restriktioune festgeluecht. D'Gesondheetsministerin hofft, datt déi nei Reegelen nach dës Woch kënnen a Kraaft trieden. Et géif een alles maachen, fir datt den neie Gesetzestext Enn der Woch an der Chamber ka gestëmmt ginn, esou d'Paulette Lenert.

Vun deem Moment un dierft ee sech dann och doheem just nach mat zéng Leit treffen. D'Paulette Lenert betount awer, et géif sech ëm eng iewescht Grenz handelen, ee Rassemblement mat zéng Leit wier net onproblematesch:

"Mir mussen alleguer zesummen eis eege Responsabilitéit huelen, selwer nodenken: ass dat verstänneg? Geet dat wierklech?"

D'Paulette Lenert géif de Leit recommandéiere Rassemblementer mat anere Leit allgemeng "a Moossen ze halen". An och wann ee sech zu manner wéi zéng trëfft, wier et wichteg, Distanz zu eneen ze halen an d'Kontakter sou niddreg wéi méiglech ze halen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Regierungsrot
Corona-Pandemie

Well de Coronavirus am Gaange wier sech queesch duerch d'Land ze verbreeden, wëllt d'Regierung nei Restriktiounen aféieren. D'Zuel u Leit, déi een doheem empfänke kann, soll nees op 10 limitéiert ginn.

Illustratiun Rechter Coronavirus COVID-10
Corona-Kris

Wéinst der zweeter Well vun Infektioune kéint d'Regierung nei Restriktiounen op de Wee bréngen. D'Chamber d'Moossname guttheeschen. Dës Texter kéinte bis en Donneschdeg gestëmmt ginn.

Jean-Claude Schmit
Corona-Pandemie

D'Santé kritt net méi all d'Kontakter vun Infizéierte retracéiert, seet de Jean-Claude Schmit. Et kéint ee just nach begrenzt den Tracage vu gréissere Clustere maachen, esou den Direkter vun der Santé.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen