Tiers payant Patientevertriedung an CMCM kritiséieren AMMD

D'Argumenter vun den Doktere géint eng Verallgemengerung vum Tiers payant System sinn alleguerte falsch, seet de President vun der Patientevertriedung René Pizzaferri. Bei dësem System, deen et ewell an den Apdikten, an de Spideeler a bei de Kinéë gëtt, bezilt de Patient nëmmen nach deen Deel, deen en net vun der Gesondheetskeess rembourséiert kritt an den Dokter schéckt d'Rechnung an a léist sech rembourséieren.

Fanny Kinsch / cz

Zänndokter
Foto: Creative Commons

Déi meescht Acteuren am Secteur an d'Parteien, mat Ausnam vun der DP si fir e System vum generaliséierten Tiers payant. D'Doktere wiere sech géint dëse System a warne virun negative Konsequenze fir d'Patienten. D'Patientevertriedung an d'Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste CMCM gesinn dat anescht. Duerch den Tiers payant System géif et fir Patienten ënner anerem méi einfach gi fir nozevollzéien, wat si aus eegener Täsch misste bezuelen. D'Doktere wéilten dat awer net.

De Generaldirekter vun der CMCM Fabio Secci huet d'Beispill vun der Zännmedezin genannt, wou vill modern Behandlungen net rembourséiert ginn. Fir déi selwecht Leeschtung misst de Patient aktuell ganz verschidde Montante bezuelen. De Fabio Secci gëtt d'Beispill vun engem Plomp: "Dee kascht bäim Zänndokter X 25 Euro, bei deem aner kascht en der 120 oder 125." Des Präisdifferenz wier, am Fall vun engem Plomp, net mam Präis vun der Matière première ze rechtfäerdegen.

Doriwwer eraus géife sech vill aner Methoden nach guer net an der Nomenclature zeréck fannen. Et wier awer d'Aufgab vun den Dokteren, eenheetlech Tariffer fir d'Nomenclature virzeschloen. Si géifen dëser Aufgab net no kommen, seet de Fabio Secci, "well si dono net méi dat kënnen ofrechnen, wat si wëllen", sou den CMCM-Generaldirekter.

"Amerikanesch Verhältnisser"

De President vun der Patientevertriedung geet och op Aussoe vun der AMMD an, déi den obligatoreschen an automatesche Konventionéierungssystem a Fro gestallt huet.

De René Pizzaferri seet, Méikäschte déi net vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn, misst de Patient droen. Alternativ kéint de Patient méi deier, an eventuell besser Doktere meiden oder op bestëmmt Spezialitéite verzichten, well e sech déi net kéint leeschten. "Da si mir bei amerikanesche Verhältnisser, wou mir wierklech net wëllen hikommen", sou de President vun der Patientevertriedung.

D'AMMD hat gesot, d'CNS misst déi Behandlunge rembourséieren, déi dem aktuelstem Stand vun der Fuerschung entspriechen, oder hir Monopolstellung opginn. D'Patientevertriedung ass awer der Meenung, datt et un der AMMD läit, datt nei Behandlungsmethoden net an de Leeschtungskatalog vun der Gesondheetskeess opgeholl ginn.

Nomenclatureskommissioun

D'Decisioun vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, sech aus der Nomenclatureskommissioun zréck ze zéien, kann d'Patientevertriedung net novollzéien. E Méindeg hat d'AMMD ugekënnegt, datt si sech aus der Nomenclatureskommissioun zréckzéie wéilt. An dëser Kommissioun verhandele Vertrieder vun der Politik, den Dokteren an der Gesondheetskeess doriwwer, wéi eng medezinesch Behandlunge rembourséiert solle ginn. Wann d'AMMD zwee mol net an der Nomenclatureskommissioun erschéngt, wier et d'Recht vum Minister, fir d'Nomenclature ze gestalten, op Basis vun Avisen déi hie kritt. De President vun der Patientevertriedung zu der Entscheedung vun der Doktesch-an Zänndokteschassociatioun. Wann d'AMMD sech zu dësem Verhale géif entschléissen, dann hätt si hire Beruffskollegen "e Bärendéngscht erwisen, se ausgeliwwert", seet de René Pizzaferri.

Méi zum Thema

Tiers payant Illustratioun
Tiers payant

Weiderhin déck Loft tëscht der Doktesch-an Zänndokteschassociatioun AMMD engersäits, an dem Sozialminister an der CNS anerersäits. Een Ausléiser sinn d'Diskussiounen ëm d'Verallgemengerung vum Tiers Payant System.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen