EU-IMPFCAMPAGNE Sträit iwwert Patentschutz vun Impfstoffer

Wéi ka weltwäit méi Impfstoff produzéiert ginn? Am Europaparlament ginn d'Meenungen iwwer d'Ophiewe vum Patentschutz fir Vaccinen auseneen. Déi eng soen, et wier batter néideg, dee Schratt ze maachen. Déi aner sinn iwwerzeegt, datt dat kontraproduktiv ass.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Covid-19 Impfung
Symbolbild. Foto: Bigstock / Rido81

D'Debatt gëtt ganz emotional gefouert, am Europaparlament verleeft de Grouf tëscht Sozialisten, Deene Lénken an deene Gréngen op där enger Säit.

Ouni Patenter méi Produktioun

"Wourop waarde mer? D'Kapazitéite fir méi Impfstoff hierzestelle sinn do a Bangladesch, Pakistan, Südafrika, Indien, Indonesien a Latäinamerika. Si kéinte bannent Méint operationell sinn."

Sou déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz, fir déi et evident ass, datt de Patentschutz esou séier wéi méiglech muss opgehuewe ginn

Déi aner Säit, d'Europäesch Vollekspartei, déi riets-Konservativ an déi Liberal awer soen, datt dat déi aktuell Situatioun net substantiell verännert. Fir de Christophe Hansen brauch ee méi ewéi Patenter fir d'Produktioun vun Impfstoffer unzekuerbelen

"Amplaz sech an theoreteschen Diskussiounen ze verléieren, sollt ee sech drop konzentréieren, datt séier méi Vaccin ka produzéiert ginn - doheem an am Ausland", sou den CSV-Europadeputéierte virun dräi Wochen an der Plenière vum Europaparlament.

Patentschutz ophiewen ass kontraproduktiv

Iwwer dee sougenannten TRIPS-Accord zur intellektueller Proprietéit gëtt dës Woch och zu Genève, dem Sëtz vun der Welthandelsorganisatioun, diskutéiert. Um Dësch läit d'Demande vu Indien a Südafrika, där sech eng ganz Partie Länner ugeschloss hunn, de Patentschutz fir Covid-Impfstoffer fir op d'mannst dräi Joer auszesetzen.

D'Europaparlament - oder op mannst Deeler dovun - wëllt der Europäescher Kommissioun gäre mat op de Wee ginn, des Demande ze ënnerstëtzen.

Op den éischte Bléck géif se richteg ausgesinn a wier nawell falsch, erkläert den CDU-Politiker Sven Simon.

"Der Versuch, geistiges Eigentum auszusetzen, wird das Problem nicht lösen, sondern kurzfristig verschlimmern und langfristig zu gravierenden Problemen führen. Gerade bei der Frage, wie können wir den Impfstoff weiter entwickeln gegen die Mutanten, wie können wir weiter Anreize setzen zur Innovation? Und hier steckt genau das Problem."

Keng Patenter méi, dat heescht och keen Ureiz méi, fir sech an d'Entwécklung vu neien Impfstoffer oder Medikamenter ze stierzen, sou d'Iwwerzeegung vun deem Bord.

Déi aner Säit seet de Contraire, wéi zum Beispill de Martin Schirdewan vun Die Linke:

"Wir brauchen die sofortige Ausetzung, um die Produktionskapazitäiten hochfahren zu können, um Wissen zu exportieren, um vor Ort dann die Produktion aufnehmen zu können und zu impfen. Bei dieser Forderung bleiben wir und wir hoffen sehr, dass es auch in dieser Woche dafür eine Mehrheit geben wird, so wie es auch in der letzen Woche der Fall war."

EU-Kommissioun: Zwangslizenzen als eng méiglech Léisung

D'Europäesch Kommissioun hat e Freideg hir Positioun publizéiert a sech dofir agesat, d'Flexibilitéiten, déi deen TRIPS-Accord mat sech bréngt, voll auszenotzen, amplaz en temporär auszesetzen.

An deem Fall heescht dat zum Beispill, datt ee kéint engem Memberland Zwangslizenzen iwwerdroen, ouni datt ee misst doriwwer mam Hiersteller verhandelen. Och déi Iddi ass am Europaparlament ëmstridden, wéi de Peter Liese erkläert:

"Eine Zwangsfreigabe von Patenten wird am Ende möglicherweise dazu führen, dass die Firmen gar nicht bereit sind, jemandem zu erklären wie die Technologie funktioniert und kann am Ende sogar kontraproduktiv sein."

Den däitsche Medezinner gëllt als Impfstoff-Expert an setzt och fir d'CDU am Europaparlament.

Deenen, déi sech fir d'Ophiewe vun de Patenter asetzen, ginn Zwangslizenzen iwwerdeems net wäit genuch. Organisatioune wéi "Human Rights Watch" oder "Médecins sans frontières" hunn déi lescht Woch dorop higewisen, datt déi Zort Lizenzen zäitopwänneg sinn, och well se fir all Land eenzel ugewannt ginn.

En plus, sou den Europadeputéierte Marc Botenga vu deene Lénken, musse se vun enger Entreprise ugefrot ginn.

"De Problem ass, wat mécht een, wann eng Firma keng Lizenz ufreet?"

Konkret Proposë bis elo net um Dësch

D'Parlament stëmmt also haut of. Et ass probabel, datt d'Fraktioun, déi de Schutz vu Patenter aussetze wëllt, liicht d'Iwwerhand huet. Wat domat en vue vu méi Impfstoff um Marché gewonnen ass, ass net kloer. D'Europaparlament huet net direkt eppes ze soen a bannent der Welthandelsorganisatioun ass et net ganz probabel, datt der Demande vun Indien a Südafrika um Enn Rechnung gedroe gëtt.

D'Haltung vun den USA bleift iwwerdeems vag. Zwar gëtt sech vun där Säit engem Ophiewe vum Patentschutz net méi widdersat. Eng konkret Propose, wéi een elo sollt virgoen, gouf awer bis elo net gemaach.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Biontech-Leaks_Mainz_03.jpg
Covid-19-Impfstoff

E puer Firme kontrolléieren de Covid-19-Impfstoff, kënnen awer wéinst enger begrenzter Produktioun net jiddweree beliwweren. Äermer Länner rechnen dowéinst eréischt 2023 hir Populatioun impfen ze kënnen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen