"Stacheldrot. Barrièren aus Stacheldrot ass dat Éischt, wat ee gesäit. Se stinn aus dem Schnéi eraus, schwiewen driwwer - E Gerüst, Poteauen, en Drot mat Stachelen. (...) Am Fong schéngt dës pickeg, aggressiv Barrière, déi sech laanscht déi ganz Grenz zitt, wéi eng absurd a surreal Iddi, well wie géif ausgerechent hei probéieren, sech op déi aner Säit duerchzedrécken."
Esou beschreift de polnesche Reporter Ryszard Kapuscinski säi Passage op der chinesesch-sowjetescher Grenz 1958, zu Zabaykalsk, matten an der sibirescher Schnéiwüst.
Verschidden Zorte vu Pabeier
Dat äiskaalt Klima, an déi entleeë Landschaft, suerge vu sech aus dofir, datt keen op d'Iddi komm wier op eege Fauscht hei an d'Sowjetunioun anzereesen. Mee de bedreeleche Stacheldrot, deen hien aus dem gehetzten Zuchwaggon beobachtet huet, hätt trotzdeem ee Message, esou de Kapuscinski. E géif soen: "Pass op, du bass am gaangen d'Grenz an eng aner Welt ze iwwerschreiden. (...) Et ass eng doudseriö Welt, an däers du muss follegen, wann s du eppes gesot kriss."
Mee wëlle mir d'Dramatik net iwwerdreiwen: D'Sowjetunioun gëtt et net méi, an d'Barrièren déi ech bis elo hu missen iwwerwannen, fir als Reporter dierfen a Russland ze reesen, klénge manner beandrockend wéi de Stacheldrot, dee sech queesch duerch Sibirien zitt. Se besti virun allem aus Pabeier.
Et brauch ee vill Gedold
Fir e russesche Journalistevisa ze kréie brauch ee vill Gedold, fir déi sëllechen Dokumenter unzeschafen, déi déi russesch Ambassade verlaangt. Dozou gehéiert natierlech en ausgefëllte Visa-Formulaire, eng Kopie vun der Journalistekaart, fënnef Passfotoen a verschiddene Gréissten, e Certificat vun der Krankekeess, Kontenauszich an Aarbechtsverträg, déi weisen, wéi vill ee verdéngt, an zwou schrëftlech Demanden - ënnerschriwwe vum Chefredakter a mat Stempel vum Radio. Wann een da mengt, de bürokratesche Bierg wier erklomm, gëtt eng vun de schrëftlechen Demanden zousätzlech an enger russescher Iwwersetzung verlaangt.
Mee d'Méi huet sech gelount: Mëttlerweil pecht eng Visasvignette a mengem Pass. Ënner Arees-Grond steet "Presse". Elo bleift nach dat üblecht Ritual un der Douaneskabaischen: Ech ka mir virstellen, datt de Gesiichtsausdrock vum Douanier um Fluchhafen zu Moskau nach e bësse méi eescht wäert sinn, wéi een dat gewinnt ass, wann een an England reest. D'Duerchbliedere vum Pass wäert nach e bësse méi grëndlech sinn, de Bléck nach e bësse méi skeptesch wéi soss.
D'Spannung, déi doduerch entsteet, soll mech nach eng Kéier drun erënneren, datt ech am gaange sinn d'Grenz an eng aner Welt ze iwwerschreiden. Eng Welt, an där d'Regelen net vu mir bestëmmt ginn. Ech si gespaant, wéi vill Barrièren nach op der aner Säit vun der Grenz op mech waarden.