Handwierk Pappecongé: e logistesche Problem fir Betriber

Eng Hausse vum Pappecongé op zéng Deeg wär éischter en organisatoresche Problem fir d'Betriber, wéi e finanziellen, mengt den Tom Oberweis. D'Handwierkerkammer hätt nach keng definitiv Positioun zum Thema.

Mick Entringer / fk

Tom Oberweis.JPG
Tom Oberweis, President vun der Chambre des Métiers

Engem Gesetzprojet no soll de Congé fir Pappen no der Gebuert vun hirem Kand vun zwee op fënnef Deeg an d'Luucht gesat ginn. Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit hat géigeniwwer dem 100,7 gesot, hie géing et gutt fannen, wann dee Spezialcongé op zéng Deeg gehéicht géif ginn.

Extrait Nicolas Schmit

D'Familljeministerin Corinne Cahen ass zu dësem Zäitpunkt net dofir. Dem Tom Oberweis no hätt d'Handwierkerkammer nach keng definitiv Positioun dozou.

Universitairen: kreatiivt Potenzial am Handwierk

Et wäre méi Jonker wéi an der Vergaangenheet um Handwierk interesséiert. D'Promotioun vum Secteur géing éischt Friichten droen. Vill Leit, déi d'Universitéit gemaach hunn, wären dem President vun Handwierkerkammer no, och drun interesséiert, fir sech ëmzeschoulen. Si géingen am Handwierk méi perséinlech Entwécklungsméiglechkeeten a Geleeënheete gesinn, fir kreativ ze schaffen.

"Et ass eis Roll fir déi Leit, déi vill Studie gemaach hunn a gutt sinn, och an d'Handwierk eranzekréien". Den Tom Oberweis proposéiert eng Fachhéichschoul fir Handwierk - nieft dem 'Brevet de maîtrise' an de Kompetenzzentere fir d'Handwierk. D'Chambre des métiers vertrëtt 6.900 Handwierksbetriber.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Cap Vert
Kooperatioun

Jonk Kapverdianer sollen zu Lëtzebuerg forméiert ginn, fir sech an hirer Heemecht kënnen en eegent Liewen opzebauen. Dofir ginn d'Demarchë fir d'Openthaltsgenehmegungen an d'Visae staark vereinfacht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen