Flächennotzungsplang PAG zu Esch am zweete Vott ugeholl

Den Escher Gemengerot huet den ëmstriddenen neie Flächennotzungsplang de Mëtteg am zweete Vott ugeholl, mat de Stëmme vun de Vertrieder vun der Majoritéit vun CSV, DP an deene Gréngen. Nom éischte Vott vum PAG viru bal zwee Joer waren d'Reegelen a Saache Colocatioune vu ville Säite kritiséiert ginn. D'Oppositioun am Escher Gemengerot huet haut géint de PAG gestëmmt an huet virum Vott op een neits Kriticke formuléiert.

Serge Kesseler / cbi

Gemeng Esch
D'Gemeng zu Esch. Foto: Archiv

Lauschteren


Am neien Escher PAG géif e sozialpoliteschen Deel feelen, esou d'Conseillère a fréier Buergermeeschterin Vera Spautz (LSAP). Alternativ Wunnforme an der Unis-Stad an europäescher Kulturhaaptstad 2022 géife mam neie PAG onméiglech gemaach ginn.

"Si ginn onméiglech gemaach fir Studenten, si ginn onméiglech gemaach fir privat WGen, déi et scho ginn a wou Leit wëllen zesumme wunne goen, fir datt se net déi héich Präisser um Wunnengsmaart musse bezuelen."

Och fir Refugiéë géifen d'Dieren zougemaach ginn.

Sträitpunkt Colocatiounen

Och d'Vertrieder vun déi Lénk hunn déi nei Reegelen zu Esch kritiséiert a si hu virun de Konsequenzen dovu gewarnt. De PAG wier net dofir geduecht, d'Zesummeliewen ze reegelen, esou d'Conseillère Line Wies.

Eng oppe Stad dierft keng restriktiv Bautepolitik maachen, huet den onofhängege Conseiller Dan Codello gewarnt. D'Gemengen Diddeleng an Déifferdeng géife vun dëser restriktiver Politik profitéieren.

D'Vertrieder vun der Majoritéit am Escher Gemengerot hunn den neie PAG an d'Bestëmmunge fir Colocatioune verdeedegt. An de Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) huet gesot, hien hätt a leschter Zäit 50 Colocatioune fir 250 Leit geneemegt.

Méi zum Thema

Vera Spautz
Wunngemeinschaften

Am neie PAG vun der Stad Esch ass virgesinn, WGen an Eefamilljenhaiser méi streng ze reegelen. D'Vera Spautz ass der Meenung, datt dat net an e PAG gehéiert. Si kritiséiert d'Rhetorik vum Georges Mischo.

Georges Mischo
No Kritik um Bebauungsplang

Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) ass eventuell bereet am neie PAG op eng Reegelung vun de Co-Locatiounen ze verzichten. D'Gemeng kéint dat och am Bautereglement reegelen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen