Tourismus op der Belscher Plage Ouni Beachbubbles, mee mat gesondem Mënscheverstand

An der Belsch fänkt haut déi 3. Phas vum Deconfinement un. Den Horesca-Secteur dierf nees ufänke mat schaffen, kulturell a Sportsevenementer dierfen, ouni Publikum, nees ofgehale ginn. Vum nächste Méindeg u sinn och nees d'Grenze vum Land komplett op, och fir den Tourismus. D'Lëtzebuerger fuere gären an dacks op d'Belsch Côte. Eng vun de beléiftste Plazen ass Knokke. D'Gemeng preparéiert sech den Ament op eng ganz ongewéinlech Touristesaison.

Paule Rodesch / cz

Anthony Wittesaele
De Schäffe fir Tourismus an d'Plage vu Knokke, Anthony Wittesaele, mat de Beachbubbles, déi getest goufen, fir eventuell während der Coronapandemie op de Plagen anzesetzen.

D'Gemeng Knokke war déi éischt an der Belsch, déi den 12. Mäerz de Lockdown annoncéiert hat. De Buergermeeschter Leopold Lippens hat Enn Mäerz an engem Interview betount, datt dëst Joer keng Touriste sollten op Knokke kommen, an och d'Proprietäre vun Zweet-Residenzen wieren net wëllkomm. Déi Aussoe wiere gemaach ginn, well een zu deem Zäitpunkt nach guer net gewosst hätt, wéi d'Situatioun sech géif entwéckelen. A well d'Populatioun zu Knokke eng relativ al wier, hätt een immens Angscht gehat ëm hir Gesondheet, erkläert de chrëschtdemokratesche Schäffe fir Tourismus a Plage, Anthony Wittesaele.

Déi "seconds résidents" wieren e wichtege Bestanddeel vun hirer Communautéit, mee och vun der lokaler Wirtschaft. Dofir wier et immens wichteg, datt dës de Wee nees an d'Regioun fannen.

E Monitoring-System fir d'Situatioun ze geréieren

D'Bewunner vun den Zweet-Residenzen hätten hir eege sanitär Infrastrukturen, dofir géifen si bei der Ausbreedung vum neie Coronavirus och keng esou eng kritesch Roll spillen, wéi beispillsweis déi Touristen, déi sech nëmmen een oder e puer Deeg op der Belscher Küst géifen ophalen an déi awer all Dag zu Honnerten an Dausende géifen an der Regioun zirkuléieren.

Et misst ee probéieren d'Situatioun mat engem Monitoring-System ze geréieren. Wa riskéieren ze vill Leit op d'Côte ze kommen, da misst een dorop reagéieren. Et wéilt een net dat neit Tirol ginn.

D'Leit ginn zousätzlech sensibiliséiert

Op de Plagen zu Knokke goufen déi sougenannte Cabriokabinnen, oder Beachbubbles probéiert, wéi ee se och soss an Europa konnt gesinn. Dat sinn encadréiert Beräicher, an deene sech kéinte Gruppe vu Leit ophalen, ouni anere Visiteuren op der Plage ze no ze kommen. Déi wieren awer net zeréckbehale ginn. Et wier och iwwer e Reservatiounssystem nogeduecht ginn. Aneschters wéi beispillsweis zu Blankenberg oder Ostende, wier dat op der zwielef Kilometer laanger Plage vu Knokke allerdéngs net dringend noutwendeg, mengt den Anthony Wittesaele.

Fir d'Leit ze sensibiliséieren, géif och en Team aus jonke Leit op der Plage an an der Stad zirkuléieren, fir d'Leit drun ze erënneren, d'Sécherheetsmesuren anzehalen a Froen ze beäntwerten, esou nach den Anthony Wittesaele.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Paule Rodesch
Lauschteren

Méi zum Thema

D'Plag zu Blankenberg
Tourismus an der EU

No an no drëpsen Informatiounen iwwer méiglech Grenzouverturen an der EU eran. Wien dierf dann elo wouhi reesen, an ënner wéi enge Konditiounen? Et kéint ee chaotesche Summer fir europäesch Touriste ginn.

Lex Delles
Corona-Kris

Keng generell Maskeflicht an Hotellen a Restauranten, an och kee fixéierte Maximum vu Gäscht: den Tourismus-Minister Lex Delles gëtt een Abléck an d'Reegele fir den Tourismus-Secteur.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen