arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Orange eLeague gëtt lancéiert

e-Sports

|
reading time

2 min

Orange eLeague gëtt lancéiert

Zesumme mat der LESF, der Luxembourg E-Sports Federation, huet d'FLF, d'Orange eLeague lancéiert. Hei kenne sech Spiller am FIFA 21, enger Fussball-Simulatioun, matenee moossen. Bei der éischter Editioun dierfen awer just Veräiner aus der Lëtzebuerger BGL-Ligue an der Éierepromotioun matmaachen.

reading time

2 min

D'eLeague wier eng Äntwert op déi ëmmer méi grouss Popularitéit vum E-Sport gewiescht, esou de Gilles Faber vun der FLF. D'LESF, d'Lëtzebuerger Federatioun fir E-Sport, hätt een dorop ugeschwat, an et wier ee vum éischte Moment u begeeschtert gewiescht, esou de Representant vun der Fussballfederatioun.

Fir déi éischt Editioun, déi am Mäerz lass geet, dierfen sech nëmme Veräiner aus der BGL-Ligue an der Éierepromotioun umellen. Déi schécken da jeeweils zwee Spiller oder Spillerinnen an d'Competitioun. Déi Spiller mussen awer net onbedéngt Member vum Veräin sinn. Maximal 32 Ekippe si bei dëser Editioun erlaabt:

"Déi ginn dann opgedeelt an der regulärer Saison, a verschidde Gruppen, mat fënnef bis sechs Equippe pro Grupp. Do sinn dann déi zwee éischt déi sech qualifizéiere fir déi grouss Finall. Déi Finall wäert Mëtt Mee bis Ufank Juni gespillt ginn."

Fir d'Zukunft wier et denkbar, datt een och de Veräiner aus de méi déiwen Divisioun d'Méiglechkeet gëtt matzemaachen, esou de Gilles Faber.

Bis den 19. Februar kënne sech d'Ekippen nach fir d'Orange eLeague umellen. D'Matcher ginn herno live gestreamt.

D'Gewënner vun der éischter Editioun hunn dono d'Recht, op internationalem Plang a weideren, vun der FIFA organiséierte Championnater deelzehuelen.