Santéskommissioun Optimismus mat vill Virsiicht

D'Deputéiert aus der Santéskommissioun bleiwe queesch duerch d'Fraktioune virsiichteg, wat eventuell nei Mesurë géint d'Covid-Pandemie ugeet. Zwar war eng vun de Conclusioun no der Reunioun de Moien, datt d'Zuelen aktuell gutt géifen ausgesinn, et wier awer nach ze fréi fir konkret ze ginn. D'Regierung soll iwwer de Weekend de Point maachen, gouf de Moien annoncéiert.

Christiane Kleer / cbi

Chambre des Députés
D'Chamber um Krautmaart. Foto: Archiv

Lauschteren


Den iwwernächste Sonndeg leeft dat aktuellt Covid-Gesetz aus - d'Chamber wäert also d'nächst Woch iwwer een neit Gesetz mussen ofstëmmen. Ee virleefegen Zäitplang steet, de Mars Di Bartolomeo, President vun der Santéskommissioun, geet dovun aus, datt d'Regierung iwwer de Weekend wäert Conclusiounen huelen an decidéieren, ob weider ka gelackert ginn oder net.

Ze fréi, fir Mesuren ze antizipéieren

Et gëtt eng Grëtz Optimismus, deen awer net definitiv ass, de Mars Di Bartolomeo. "D'Zuelen hu sech gutt entwéckelt, ouni datt een elo scho Victoire soll jäizen."

Och bei de Gréngen ass d'Josée Lorsché éischter virsiichteg, stellt awer och fest, datt d'Mesuren Enn des Joers gewierkt hätten. Fir elo schonn ze antizipéieren, wat fir Decisiounen de Weekend musse geholl ginn, wier awer definitiv ze fréi, sou d'Josée Lorsché.

Oppositioun gesäit eng positiv Entwécklung

Och op Säite vun der Oppositioun gesäit een eng positiv Entwécklung a Richtung vu enger Stabiliséierung vun den Zuelen op méi nidderegem Niveau. Dat géif awer net duergoen, seet de Sven Clement vun der Piratepartei, et dierft ee sech net mat 127 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner zefridde ginn.

Och bei der CSV gesäit een och hei eng positiv Entwécklung, Lëtzebuerg hätt ee Wee gemaach bannent engem Mount, seet de Claude Wiseler, mee d'Lag wier volatil. Et hätt een d'Situatioun vun den Nopeschlänner an an aneren europäesche Länner am Bléck. Et kéint een nach net genee soen, wat een an zwou Woche misst maachen.

Sollt d'Regierung sech iwwer de Weekend op nei Oplockerungen eens gi well d'Zuelen sech gutt entwéckelen, da misste Caféen a Restauranten erëm opmaachen, fuerdert de Jeff Engelen vun der ADR.

Méi zum Thema

Chamber
Nei Mesuren

D'Ännerungen um Covid-Gesetz goufen an der Chamber ugeholl, dat mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit. D'Oppositiounsparteien hunn dogéint gestëmmt. Déi nei Mesuren trieden deemno nächste Méindeg a Kraaft.

COVID19-Gesetzer
Coronavirus

E Méindeg soll dat neit Covid-Gesetz a Kraaft trieden. De Rapporter vum Gesetzesprojet verteidegt d'Demarche vun der Regierung, et kéint awer sinn, datt een a puer Wochen nees misst "zouzéien". D'Oppositioun kritiséiert déi Approche.

Xavier Bettel
No annoncéierte Lockerungen

De Premier Xavier Bettel verdeedegt d'Decisioun vun der Regierung, fir eenzel Restriktiounen ze lackeren. Et misst een awer och séier reagéiere kënnen, wa beispillsweis an dräi Wochen d'Zuelen erëm an d'Luucht géife goen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen