De Park fir de Fridde steet elo do, wou Honnerte vun den 140.000 Leit gestuerwe sinn. Dat war de 6. August 1945 selwer, bei der Explosioun oder am Feier, oder duerno un de Suitte vun der Radiatioun.
Moies konnt een dës iwwerwältegend, traureg, mee och inspiréierend Plaz nach besichen. Dorënner dat eenzegt Gebai, deem säi Skelett nach do steet an d'Zerstéierung vun der ganzer Stad symboliséiert. Elo ass déi Plaz zou. Polizisten iwwerwaachen de Park, deen dëse Freiden den héije Besuch vum G7 kritt.
D'Staats- a Regierungscheffe vun de siwe räichsten industrialiséierte Länner hunn dës aussergewéinlech Plaz ze gesi kritt. Dat um Optakt vun hiren dräi Deeg zu Hiroshima.
Hiroshima als Symbol
Japan well déi aner Länner opfuerderen, méi géint d'Produktioun vun Atomwaffen ze maachen. Si sollen sech selwer e Bild maache vun der Zerstéierung a vun de Risikoen.
Si, datt sinn d'Representante vu Japan, den USA, Groussbritannien, Frankräich, Däitschland, Kanada, an Italien, an och d'Europäesch Unioun. Fréier, virum Ufank vun der russescher Invasioun 2014 an der Ukrain, war et jo nach e G8. Moskau gouf erausgehäit. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj soll e Sonnde per Video um Sommet deelhuelen.
Brasilien an der Vermëttlerroll?
D'Ukrain ass och Sujet Nummer Eent hei. Et soll Solidaritéit gewise gi géint Russland an d'Ukrain soll ëmmer weider militäresch Ënnerstëtzung kréien. An deem Kontext ass d'Presenz vum brasilianesche President Lula da Silva besonnesch interessant. Hie schéngt sech als eng Zort Vermëttler tëscht der Ukrain a Russland presentéieren ze wëllen.
Konkret wëllen d'G7 Länner um Sommet nach emol verschäerfte Sanktioune géingt Russland decidéieren. Esou soll de russesche Rohstoffhandel, dee milliardeschwéierer ass, weider gekierzt ginn.
Sanktiounen, Kampfjets, a China
London fuerdert en Importverbuet op russesch Diamanten, an och Koffer, Aluminium oder Néckel. Et soll och doriwwer diskutéiert ginn, wéi een aktuell Sanktioune besser duerchsetze kann, a verhënnert kritt, datt se ëmgaange ginn.
D'Diskussioun ëm déi méiglech Liwwerung vun F16 Kampfjets wäert fir d'EU haut ee wichtegt d'Theema bei deem Sommet ginn, sot den EU Rotspresident Charles Michel am Virfeld. Et wéilt ee sech mat den Alliéierte koordinéieren.
China ass och e wichtegt Theema. Eng militäresch Interventioun an Taiwan gëtt gefaart. Och do gëllt et, eng gemeinsam Front vum G7 ze weisen.