Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler hält et generell zu dësem Zäitpunkt fir onvirsiichteg Covid-Restriktiounen opzehiewen. An deem Sënn wier déi wëssenschaftlech Nott vum Gesondheetsministère, déi d'Deputéiert kruten, och pertinent:
"U sech maache si déi selwecht Analys wéi mir. Et ass vill ze fréi fir definitiv Conclusioune kënnen ze zéien. Et ass elo nach Zäit fir ganz virsiichteg ze sinn. Si recommandéieren also keng Oplockerungen ze maachen."
"Regierung hätt solle virsiichteg bleiwen"
Ob déi gréissten Oppositiounspartei an der Chamber fir oder géint den Text wäert stëmmen, konnt den CSV-Deputéierte Claude Wiseler nach net soen. Seng Fraktioun misst den Text nach am Detail analyséieren.
Dat selwecht seet de Sven Clement vun der Piratepartei. Hie kritiséiert, datt d'Regierung esou kuerzfristeg nei Decisiounen hëlt, begréisst awer eenzel Mesuren. Notamment, datt fir all d'Butteker eng Limitt fixéiert gëtt, wéi vill Clienten dierfen dobanne sinn, an datt de Couvre-Feu erëm op 23 Auer gesat gouf.
"Woubäi mir der Meenung sinn, et wier besser de Couvre-Feu ofzeschafen, well mir nach ëmmer net d'wëssenschaftlech Basis dovunner gesinn. Wat och flott ass, well et op d'mannst e bësse Koherenz erëmbréngt, ass datt d'Leit elo erëm dierfe mat deenen nämmlechte Leit, déi si dierfen heem invitéieren, och dierfen an de Bësch spadséiere goen."
Kritik un der Integratiounsministerin
D'ADR wëllt géint d'Gesetz stëmmen. Fir d'Infektiounszuelen ze reduzéieren, missten et méi Restriktiounen am ëffentleche Liewe ginn, zum Beispill am ëffentlechen Transport, seet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.
Amplaz vun Agrëffer an d'Privatsphär wieren zum Beispill och méi kloer Virgabe fir d'Alters- a Fleegeheemer néideg. Seng Kritik viséiert direkt déi zoustänneg Integratiounsministerin:
"Mech stéiert, datt bei bal kenger vun den Diskussiounen iwwer Covid an der Chamber d'Madamm Cahen iwwerhaapt do ass. Si ass mol net do. (...) A mir wëssen, datt dee Secteur, deen am meeschte menacéiert ass, dat sinn déi eeler Leit a virum allem d'Leit, déi an de CIPAe sinn. (...) Et ass de Secteur selwer, deen en Dräi-Stufeplang presentéiert huet. An d'Regierung war do 'complètement absente'."
Androck vu Willkür
Eleng wéinst dem Couvre-feu géifen déi Lénk dëst Gesetz net stëmmen, seet de Marc Baum. Den Deputéierte begréisst, datt de Kultursecteur nees dierf opmaachen. Et wier ee Feeler gewiescht dëst Grondrecht iwwerhaapt anzeschränken.
Eng Mesure, déi a sengen Aen nach ëmmer géif feele wier de Schutz vun de Salariéen. Et hätt ee sech kënne virstellen, sanitär Protokoller fir Betriber iwwer enger gewësser Zuel vu Mataarbechter obligatoresch ze maachen.
D'selwecht wéi déi aner Oppositiounspolitiker kritiséiert den Deputéierte vun déi Lénk, et wier fir hien net nozevollzéien, op Basis vu wat d'Regierung hir Decisiounen hëlt. Verbonnen domadder wier den Androck vu Willkür, esou de Marc Baum.